Radioen

On air

Mëttesrascht  |  FKA Twigs - Perfect Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marlène Negrini: Code pénal gëtt et net hier en Heeschert einfach ze bestrofen

Policegewerkschaft

Marlène Negrini: Code pénal gëtt et net hier en Heeschert einfach ze bestrofen

Dat neit Policereglement an der Stad Lëtzebuerg trëtt a Kraaft. Mat dodran ass den ëmstriddenen Artikel 42, deen d‘Heeschen an der Stad tëscht 7 Auer moies an 10 Auer owes generell verbitt. Wéi dat genau soll goen, ass nach net kloer, och net bei de Poliziste selwer. 

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Heeschert | © picture alliance / Caro | Bastian play_arrow
Heeschert (Foto: picture alliance / Caro | Bastian)

D‘Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL, d‘Marlène Negrini, seet, datt de Code Pénal et net hiergëtt, en Heeschert einfach sou ze bestrofen. Och wann e Bierger d‘Police wéinst Belästegung duerch en Heeschert rifft, kéint si dëse just bieden, d‘Leit mat Rou ze loossen. 

Maximal kéint een déi concernéiert Persoun nach mat op de Büro huelen, fir d‘Identitéit festzestellen an e Protokoll schreiwen. Da geet d‘Affär op d‘Geriicht. 

Wéi de Riichter awer mat Persounen ouni Kont an ouni Wunnsëtz verfuere soll, weess d‘Präsidentin vun der Policegewerkschaft och net.

Lauschterenplay_arrow