Radioen

On air

Notturno  |  De La Soul - Pain Feat. Snoop Dogg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mario Vargas Llosa ass gestuerwen

Literatur

Mario Vargas Llosa ass gestuerwen

De peruanesche Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräis-Gewënner Mario Vargas Llosa ass gëschter am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Dat huet seng Famill op X mat gedeelt.

auto_stories

1 min

Mario Vargas Llosa | © flickr
Mario Vargas Llosa (Foto: flickr)

Hien hat sech an de leschte Méint aus der Ëffentlechkeet zeréck gezunn. Et gouf vill Rumeuren, datt seng Gesondheet sech verschlechtert hätt.

De Mario Vargas Llosa war ee vun de groussen Nimm vun der latäinamerikanescher Literaturbewegung aus de 1960er a 70er Joren.

Hien war 2010 mam Literatur-Nobelpräis ausgezeechent ginn.

Hien war och politesch aktiv an hat 1990 fir d‘Liberaldemokrate bei de Presidentewalen a Peru kandidéiert.