Radioen

On air

9 bis 1  |  MJ Lenderman - She's Leaving You

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Marine Le Pen reest op Mayotte fir mat Affer vum Tropestuerm Chido ze schwätzen

Fir Drock op déi franséisch Regierung ze maachen

Marine Le Pen reest op Mayotte fir mat Affer vum Tropestuerm Chido ze schwätzen

D‘Marine Le Pen, Cheffin vum franséische Rassemblement National, gëtt haut op Mayotte erwaart. Dat knapps 3 Wochen nom Passage vum Tropestuerm Chido.

auto_stories

1 min

Marine Le Pen | © picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

Si soll an der Mëttesstonn mat engem Militärfliger op der Insel ukommen. Sur Place wëll si mat der sécurité civile a mat den Affer vum Zyklon schwätzen. Och muer wëll si sech nach ee Bild vun der Situatioun maachen.

Dës Visitt wier zwar net am Kader vun humanitärer Hëllef oder vu politesche Mesuren, mee hirem Porte-parole no wéilt d‘Marine le Pen een Zeeche setze fir d‘Ënnerstetzung vun den Awunner. Ausserdeem wëll si Drock op déi franséisch Regierung maachen, kuerz virun der Presentatioun vun engem Noutgesetz fir d‘Insel Mayotte.