D’Marine Le Pen kann aller Viraussiicht no, net bei de franséische Presidentschaftswalen 2027 kandidéieren. Nodeem si wéinst Verontreiung vu Suen duerch Schäinbeschäftegung schëlleg gesprach gouf, huet d’Geriicht decidéiert, datt d’Politikerin mat direkter Wierkung fir fënnef Joer dat passiivt Walrecht verléiert, dat heescht si ass fir deen Zäitraum fir all politesch Ämter net eligibel.
Weider Strofe fir d'Marine Le Pen
Donieft huet d’Geriicht zu Paräis decidéiert, datt d’Marine Le Pen zwee Joer Prisong per Foussfessel kritt, zwee weider Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 100.000 Euro.
Et gëtt sech erwaart, datt d’Le Pen géint d’Urteel an Appell geet.
Den zentrale Virworf am Prozess war, datt der Marine Le Pen hir Partei Sue fir parlamentaresch Assistenten am Europäesche Parlament kritt hat, déi zum Deel oder ganz fir d’Partei geschafft hätten.