arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Preventioun soll am Mëttelpunkt stoen an e spezielle Prisong fir Mineure geschafe ginn

Jugendstrofrecht

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Preventioun soll am Mëttelpunkt stoen an e spezielle Prisong fir Mineure geschafe ginn

D’Jugendstrofrecht an de Jugendschutz vuneneen trennen: Dat ass eent vun de groussen Ziler vun dräi Gesetzesprojeten, amendéiert vun der Elisabeth Margue an dem Claude Meisch. D‘Texter, déi scho vun der viiregter Regierung op de Wee bruecht goufen, sinn ëmmer nees vum Staatsrot geblockt ginn. Elo hofft een op engem gudde Wee ze sinn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Nei ass, datt d'Jugendstrofrecht an Zukunft fir Jugendlecher vum Alter vun 13 Joer u gëllt. Ënner 13 Joer gëllt de Jugendschutz. Géint dee wou tëscht 13 an 18 Joer al ass a stroffälleg gëtt, gëtt eng Enquête lancéiert, déi d’Situatioun vum Betraffenen analyséiert. Zoustänneg ass da spezialiséiert Personal bei der Police an der Justiz.

Et gëtt eng eege Juridictioun mam Jugendstrofgeriicht geschafen. Déi Prozesser sinn ëffentlech, allerdéngs am Respekt vun der Anonymitéit vum Betraffenen.

Parquet soll méi Mesuren ergräife kënnen

D’Strofen, déi ausgesprach ginn, sinn hallef esou laang wéi am Erwuessenestrofrecht. Educativ a pedagogesch Mesurë kréien awer de Virrang, erkläert d'Justizministersch Elisabeth Margue. 

"Mir hunn notamment d'Méiglechkeet vun de 'mésures de diversion', déi elo 'mésure alternative' eng 'sanction pénale' heeschen, ausgeweit. Do hu mir vill méi Mesurë virgesinn, déi de Parquet kann huelen."

Iwwerdeems wier am initialen Text eng Kategorie 18 bis 21 Joer virgesi gewiescht, bei där d'Geriicht d'Jugendstrofrechtgarantien applizéiere kéint. Do géife sech allerdéngs nach eng Rei Froe stellen. 

Prisong fir Mannerjäreger mat 25 Plazen

Déi strofrechtlech Verurteelt sollen an engem spezielle Prisong fir Mannerjäreger ënnerbruecht ginn, dee beim Centre socio-educatif zu Dräibuer wäert gebaut ginn. Virgesi si 25 Plazen.

Preventioun a Schutz vum Jugendleche bleiwen duerch zwee Gesetzesprojete garantéiert, déi festleeën, wéi eng Rechter déi Betraffen hunn a wéi de juristesche Bäistand ausgesäit. Den Office national de l’enfance ONE kritt hei an Zukunft méi eng wichteg, preventiv Aufgab.

"Well aus dem Volet Jugendschutz a Jugendstrofrecht elo e renge Jugendschutz an net am Enfance-Volet gëtt an domadder mer wierklech nach méi à la base kënnen usetzen, fir Familljen ze stäerken, fir Jonker ze stäerken, Jonker ze encadréieren, Kanner ganz fréi kënnen en charge ze huelen."

D’Justiz gräift dann réischt an, wann déi fräiwëlleg Mesuren net gräifen. Souwuel d'Justizministesch, wéi den Educatiounsminister hu betount, datt d'Preventioun an de Schutz vun de Mineuren am Mëttelpunkt vun dëser Reform géinge stoen.

play_arrow Lauschteren