arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marc Spautz soll Georges Mischo als Aarbechtsminister ersetzen

Regierungsëmbildung

|
headphones

4 min

headphones

10 min

play_arrow

Marc Spautz soll Georges Mischo als Aarbechtsminister ersetzen

De Premier an CSV-Parteipresident Luc Frieden huet ugekënnegt, datt de Marc Spautz de Georges Mischo als Aarbechtsminister soll ersetzen. D’Ministesch Martine Hansen soll nei Sportministesch ginn.

headphones

4 min

headphones

10 min

play_arrow
Marc Spautz (CSV)
Marc Spautz (CSV)

Et ass offiziell: De Sports- an Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) gëtt ausgewiesselt. Dat huet de Premier an CSV-Parteipresident Luc Frieden an enger Deklaratioun virun der Press am Statsministère annoncéiert.

“An deene leschten Deeg a Wochen ass de Minister Georges Mischo, den Aarbechts- a Sportminister, op eng kontinuéierlech Aart a Weis kritiséiert ginn, attackéiert ginn, oft op eng Fassong, déi hien als onfair a blessant empfonnt huet, an déi em net méi erlaabt op eng serein, sachlech Aart a Weis seng Aarbecht ze maachen a sech ze konzentréieren, op déi wichteg Dossieren, déi him uvertraut gi sinn.”

De Minister Georges Mischo hätt him um Sonndeg den Owend seng Demissioun ugebueden, déi hien ugeholl huet, esou de Luc Frieden. Um Méindeg de Moien hätt hien de Grand-Duc iwwer déi geplangte Regierungsëmbildung informéiert.

De Premier Luc Frieden wärend senger Annonce zur Regierungsëmbildung | © Carole Schimmer
De Premier Luc Frieden wärend senger Annonce zur Regierungsëmbildung (Foto: Carole Schimmer)

Neien Aarbechtsminister Marc Spautz

Neien Aarbechtsminister soll den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz ginn, huet de Premier an CSV-Parteipresident ugekënnegt.

“Ech wäert dofir de Gremie vun der CSV proposéieren, an hunn dat och de Moien dem Grand-Duc gesot, datt ech den Deputéierte Marc Spautz als neien Aarbechtsminister proposéieren.”

De Marc Spautz wier “direkt operationell”, huet de Luc Frieden preziséiert.

“Mir brauchen en Aarbechtsminister, dee voll a ganz, wéinst der schwiereger Situatioun um Aarbechtsmaart an Europa hei heiheem, sech voll a ganz op déi doten Aarbecht konzentréiert.”

De Marc Spautz war 2013 schonn eng Kéier Minister: hie war vun Abrëll 2013 bis Dezember 2013 Familljen- a Kooperatiounsminister an der Regierung Juncker-Asselborn II.

Nei Sportministesch Martine Hansen

Nei Sportministesch soll d’Martine Hansen ginn, déi zënter zwee Joer scho Ministesch fir Landwirtschaft a fir Konsumenteschutz ass.

D’CSV-Parteigremie sollen e Mëttwoch den Owend iwwer d’Regierungsëmbildung entscheeden. D’Vereedegung am Palais ass fir Enn der Woch ugesat.

“Bis dohinner bleift de Minister Mischo a Funktioun.”

De Georges Mischo stoung rezent ënner Drock – ënner anerem wéinst dem Projet vun engem Sportsmusée op der Rouder Lëns zu Esch-Uelzecht. De leschte Freideg hat de Georges Mischo de Projet zeréckgezunn. 

D’Fro, ob hien d’Meenung vum Finanzminister Gilles Roth (CSV) deelt, datt d’Press hir Aarbecht an dësem Dossier gemaach hätt, wollt de Luc Frieden net kommentéieren.

“Ech kommentéieren haut de Moien op esou engem grave Moment net aner Dossieren. Ech menge jiddwereen huet seng Aufgab. Et ass och net u mir, fir d'Aufgab vun der Press oder vu soss engem ze jugéieren. Ech bekëmmere mech ëm d'Regierung.”

Hie géif dovun ausgoen, datt hie bis 2028 Minister wäert bleiwen, hat de Georges Mischo de 7. November 2025 nach am 100,7-Interview gesot, no schaarfe Kriticke vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB.

Georges Mischo dierft CSV-Deputéierte ginn

Hie géif dovun ausgoen, datt de Georges Mischo seng Plaz als Deputéierten an der Chamber wäert iwwerhuelen, esou haut op Nofro de Luc Frieden.

Wien neien CSV-Fraktiounschef wäert ginn - als Nofollger vum Marc Spautz - léich an den Hänn vun der Fraktioun, esou nach de Premier an CSV-Parteipresident.

play_arrow Lauschteren