Virdru war de Georges Mischo beim Grand-Duc Guillaume fir ofzedanken.
Eng Stonn drop war am Palais d’Vereedegung vum Marc Spautz als neie Minister.
De Mëtteg sinn am Aarbechts- an am Sportministère d’Passations des pouvoirs. Nei Sportministerin gëtt d’Martine Hansen.
De Premier Luc Frieden (CSV) hat ee Méindeg d’Demissioun vum Georges Mischo matgedeelt.