search

/ Marc Spautz: "Eng grouss Aufgab op menge Schëlleren"

Neien Aarbechtsminister

|
headphones

4 min

headphones

12 min

play_arrow

Marc Spautz: "Eng grouss Aufgab op menge Schëlleren"

De Marc Spautz wëllt Vertrauen opbauen an dann esou séier wéi méiglech erëm Dräiergespréicher mat de Sozialpartner féieren.

headphones

4 min

headphones

12 min

play_arrow
De Marc Spautz, bis elo CSV-Fraktiounschef, vun haut un Aarbechtsminister | © Christiane Kleer
De Marc Spautz, bis elo CSV-Fraktiounschef, vun haut un Aarbechtsminister (Foto: Christiane Kleer)

Deen 62 Joer alen CSV-Politiker Marc Spautz gëtt de Moien um 11 Auer am Palais als neien Aarbechtsminister vereedegt. De Mëtteg um zwou Auer ass d’Passation des pouvoirs mam Georges Mischo am Aarbechtsministère.

Séier erëm Gespréicher zu dräi Partneren

Am 100,7-Interview huet de Marc Spautz de Moien ugekënnegt, datt et säin Zil ass, esou séier wéi méiglech erëm Dräiergespréicher ze féieren, also Gespréicher vun der Regierung gläichzäiteg mat de béide Sozialpartner. Fir d’éischt wéilt hien awer dat néidegt Vertrauen opbauen.

“An datt een dat fir d'éischt muss a bilaterale Gespréicher maachen. Mee mäin (...) Zil ass et awer, datt et esou séier wéi méiglech misst méiglech sinn, zu dräi zesummen ze schwätzen.”

Direkt no senger Vereedegung wéilt hie Kontakter mat de Gewerkschaften a mam Patronat ophuele fir Gespréicher nach virun de Feierdeeg respektiv Ufank 2026, esou de Marc Spautz.

De Marc Spautz an de Luc Frieden

Hien hätt keen Usproch gestallt fir neien Aarbechtsminister ze ginn, esou de Marc Spautz am 100,7-Interview.

“Datt elo hei déi Situatioun komm ass, datt de Georges (Mischo) gesot huet, hei ech hale gären op, well dat do kréie mer net méi op d'Schinn. Dofir, datt ech do gefrot gi sinn, do sinn ech frou driwwer. (...) Mee ech muss awer éierlechkeetshallwer soen, ech hat net méi domat gerechent nach eng Kéier op esou e Posten ze kommen.”

Hie géif de Luc Frieden zënter bal 30 Joer kënnen a war och schonn zesumme mam Luc Frieden an enger Regierung, huet de Marc Spautz erkläert. Hie géif net mengen, datt et grouss Divergenze géife ginn oder et ee Problem ginn hätt.

De Marc Spautz an de Georges Mischo

De Marc Spautz iwwerhëlt haut de Ressort Aarbecht vum Georges Mischo, dee jo demissionéiert huet. Esou eppes wier ëmmer ee “ganz emotionale Moment”, esou de Marc Spautz.

“Ech weess, datt dat och fir de Georges net einfach wäert sinn, mee de Georges ass e Sportsmann an de Georges weess, wann een och emol eng Kéier e Match verluer huet, déi Kéier drop, kann een e Match och erëm gewannen an dofir weess ech déi Qualitéite vum Georges ze schätzen.”

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Rou a Stabilitéit fir d'CSV

Fir seng Partei, d’CSV, wier et wichteg, datt een erëm “Rou a Stabilitéit” kréich, esou de Marc Spautz am 100,7-Interview. Net beäntwert huet de Marc Spautz d’Fro, ob et eng gutt Iddi wier, datt de Luc Frieden no Mäerz 2026 Parteipresident wëllt bleiwen.

“Déi Diskussiounen do, déi fannen an de Parteigremie statt.”

Datt d’Decisioune gëschter bei der CSV, fir hien als Aarbechtsminister a fir d’Martine Hansen als Sportministerin, eestëmmeg geholl goufen, géif eng “grouss Geschlossenheet” weisen, esou de Marc Spautz.

“An datt et och elo wichteg ass, datt mer an deem jeeweilege politeschen Dossiere vläicht erëm eng Kéier déi Vitesse de croisière kréien, déi mer brauchen. An do hunn ech scho verstanen, datt do eng grouss Aufgab op menge Schëllere läit. An ech wäert alles drusetzen, fir datt mer do an nei Gefilden erakommen.”

De Marc Spautz huet net gesot, datt hien d’Ambitioun hätt am Mäerz, fir de Poste vum CSV-Parteipresident ze kandidéieren. Et wier awer legitim, wann et bei parteiinterne Wale Géigekandidate ginn.

play_arrow Lauschteren