Radioen

On air

Notturno  |  Son Lux - Prophecy Feat. Nina Moffitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entwécklung vun de Commercen: Manner Kleedergeschäfter, dofir méi Restauratioun

Retail Report vun der Luxembourg Confederation

Entwécklung vun de Commercen: Manner Kleedergeschäfter, dofir méi Restauratioun

Trotz Covid a Leerstand: D‘Meterkareezuel vu Commercë pro Awunner ass hei am Land an de leschte Jore weider eropgaangen. Och d‘Gesamt-Geschäftssurface ass zënter 2019 ëm 5,2 Prozent geklommen. Déi verleeft domadder parallel zu der Bevëlkerungsentwécklung a weist sech robust. Et ass ee vun enger Rei vu Constaten, déi d‘Luxembourg Confederation an hirem neiste Retail Report mécht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Kleederbuttik | © Ashim D’Silva play_arrow
Foto: Ashim D’Silva

Wéi entwéckele sech déi eenzel Geschäftsberäicher zu Lëtzebuerg? Wéi mussen d‘Gemenge plangen, fir Geschäfter unzezéien? Wéi eng Tendenze bestinn? Äntwerten op déi Froe soll déi zweet Editioun vum Retail Report ginn. Iwwer den Tool localyze.lu kënne dës Donnéeën ofgeruff ginn, sou den zoustännege Minister Lex Delles.

"Den Tool vum Cadastre du commerce gouf ënner anerem entwéckelt, fir de Gemengen ze hëllefen, strategesch Decisiounen ze huelen, fir ze kucken. wéi maachen ech zum Beispill ee PAP, wéi kucken ech fir a menger Gemeng méi Liewen ze kréien, firwat gi méi Leit op der enger Säit duerch, firwat gi manner Leit op der anerer Säit duerch, wéi kann ech als Gemeng dat beaflossen?"

Mee net nëmmen d‘Gemengen, och zukünfteg Geschäftsleit kënne sech do informéieren, wéi eng Lag fir hiert Geschäft kéint interessant sinn.

Manner Aktivitéit am Stadzentrum

E puer Constate goufen am Rapport gemaach: Allgemeng geet d‘Zuel vun de klenge Geschäfter an de Stadzentren erof. Dozou gehéiere virun allem Bäcker a Metzler, mee och Kleedergeschäfter a Bistroen.

Positiv am Trend leien dergéint de Bricolage, Gaart an Déier, Restaurante souwéi Sport an Hobby. Och Fast Food, spezialiséiert Liewensmëttelgeschäfter a Biobutteker entwéckele sech éischter positiv. Allgemeng weisen d‘Zuelen dann och, dtat momentan e gewëssen Equiliber tëscht der Offer an der Demande besteet.

Well ëmmer méi an de Supermarchéen akaf gëtt an d‘Gesamtsurface do souguer ëm 35 Prozent Prozent geklommen ass, geet och de Leerstand an de Stied an d‘Luucht. Zënter 2019 ass de Taux hei vun 12,1 op 12,7 Prozent geklommen. Ëmnotzung vu Surfacen a Verkaf iwwer e puer Kanäl wéi zum Beispill Internet sollen hei nei Perspektive bidden.    

Lauschterenplay_arrow