Radioen

On air

Notturno  |  Motel Radio - Heat Wave

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Manner Absenteismus a méi KI: FEDIL strieft méi kompetitiv Industrie un

Wirtschaft an Industrie

Manner Absenteismus a méi KI: FEDIL strieft méi kompetitiv Industrie un

D’FEDIL wëllt sech op europäeschem an nationalem Plang fir eng staark, kompetitiv an nohalteg Industrie asetzen. Mat der neier europäescher Politik ënner der Ursula von der Leyen kéint een deem Zil séier méi no kommen, esou d’Vertrieder:inne vun der multisektorieller Business-Vereenegung virun der Press. D'Federatioun gesäit awer och nach aner Unhaltspunkten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D'Pressekonferenz haut um Donneschdeg vun der FEDIL. | © Ana Angel play_arrow
D'Pressekonferenz haut um Donneschdeg vun der FEDIL. (Foto: Ana Angel)

Nieft dem Bilan vun zejoert huet d’FEDIL och verschidde Schwéierpunkte fir déi nächst Joer presentéiert, dorënner d’Virundreiwe vun der kënschtlecher Intelligenz zu Lëtzebuerg, d’Energietransitioun an dann awer och d’Bekämpfe vum Absenteismus. 

Staarken Absenteismus: Iwwerbleibsel vun der Covid-Pandemie?

Vun hire Membere géife si nämlech matgedeelt kréien, datt den Absenteismus u Wichtegkeet gewënnt, esou de President vun der FEDIL, de Georges Rassel, well et stéiere géing. Als Grond nennen d’Vertrieder:inne vun der FEDIL d’Mentalitéit par rapport zu der Aarbecht, déi sech zënter Covid geännert hätt. 

"Datt do eventuell e gewësse caractère abusif dobäi ass, ech soe mol, dat vermute mir, mee et ass och een Theema, wou mir eis mat der UEL zesumme gedoen hunn, fir do ze kucken, datt mir do zesumme kommunizéieren."

Net just op dësem Punkt wëllt d’FEDIL zesumme mat der UEL kommunizéieren: Ënner anerem iwwer déi aktuell Diskussiounen ronderëm de Sozialdialog wëllt d’FEDIL zesumme mat der Union des Entreprises aus engem Mond schwätzen, huet den Georges Rassel ëmmer nees betount.

Regulatioun vun der KI eng zentral Fro

Anere Punkt: Et wier wichteg, déi Kënschtlech Intelligenz virun ze dreiwen. Ëmmer méi Betriber géifen op si duerkommen, fir een Ëmgank mat KI ze léieren. 

"Also et ass eis bewosst, datt mir fir eng Intelligence artificielle Datazenter brauchen. Fir Datazenter brauche mir Terrainen. Fir Datazenter brauche mir vill Energie, och nohalteg Energie. An ech mengen, da si mir erëm bei aneren Theemaen, wou alles sech iergendwéi regroupéiert: Theema vun den Terrainen, Theema vun der Energie, Theema vun der Intelligence artificielle. Wéi gëtt déi reguléiert?"

D'Theema vun der Energie misst iwwerdeems ëmmer zesumme mat der Industrie geduecht ginn, esou de Georges Rassel. Dowéinst begréisst d’FEDIL, datt een zënter datt déi nei CSV-DP-Regierung am Amt ass, och mat um "Energiedësch" sëtzt. Der FEDIL no misst et méi séier a méi einfach goen, fir erneierbar Energien op Lëtzebuerg ze kréien.

Changement bei de Memberen

D’FEDIL huet iwwerdeems annoncéiert, datt et e Changement bei hire Membere gëtt. Deemno sinn déi nei Administrateuren de Paul Arend vun DuPond de Nemours, de Francois Mousel vu PwC, de Frank Thomé vum Ceratizit Grupp an de Marc Wengler vun der CFL.

Lauschterenplay_arrow