Radioen

On air

9 bis 1  |  The Slaps - Fool

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mäerz: 10. Mount hannereneen, an deem den Temperaturrekord gebrach gouf

Copernicus

Mäerz: 10. Mount hannereneen, an deem den Temperaturrekord gebrach gouf

Déi global Temperatur-Moyenne am Mäerz louch 1,68 Grad iwwer där vun der pre-industrieller Zäit. De Mäerz war deen 10. Mount hannereneen, an deem de Rekord gebrach gouf.

auto_stories

1 min

Symbolbild: Archiv

Op ee Joer gekuckt, war et déi lescht 12 Méint 1,58 Grad méi waarm, wéi an der pre-industrieller Zäit. Domat gouf d‘1,5 Grad-Limitt vum Paräisser Klimaaccord iwwerschratt.

Schold doru wieren d‘Zäregas-Emissiounen duerch déi fossil Energien. D‘Konsequenze wiere méi heefeg extreem Evenementer, wéi Hëtztwellen, Dréchenten, Bëschbränn an Iwwerschwemmungen, esou nach Copernicus. D‘Äerderwiermung géif zanter zejoert och nach duerch de sougenannten El Niño Phänomeen verstäerkt ginn.