Radioen

On air

Notturno  |  NxWorries - Daydreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Macron schafft un engem Pakt tëschent Parteien

Franséisch Politik

Macron schafft un engem Pakt tëschent Parteien

De Weekend stoung fir de franséische President Emmanuel Macron ganz am Zeeche vun der Reouverture vun der Notre-Dame. Elo awer läit de Fokus nees op der politescher Kris an der Sich no enger neier Regierung. Eng Entscheedung soll séier falen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Leschte Mëttwoch hat d'Regierung vum Premier Michel Barnier e Mësstrauensvott net iwwerstanen an zanterhier gëtt no engem Nofollger oder enger Nofollgerin gesicht. An dat mat Héichdrock.

Eng Entscheedung soll schonn an den nächste Stonnen oder Deeg falen.

Haut um Méindeg kënnt den Emmanuel Macron mat den Ekologisten an de Kommuniste fir Gespréicher zesummen. D'Iddi vum Macron ass et, e Pakt tëschent Parteien opzestellen, fir datt déi nächst Regierung net nees gestierzt gëtt, an d'Stabilitéit vum Land a Gefor geréit.

La France Insoumise leent Gespréicher of

D'Lénkspartei La France Insoumise war och agelueden u Gespréicher mam President deelzehuelen, huet dës Invitatioun awer rejetéiert. D'Mathilde Panot vun der Partei huet dës Entscheedung gëschter um Sonndeg op France Inter begrënnt: Et wier net méiglech mat deenen ze regéieren, géint déi ee gewielt gouf. 

D'Mathilde Panot sot, et kéint keng Kompromësser mat der macronistescher Wirtschaftspolitik ginn. D'Sozialisten, mat deenen een am Lénksbündnis Nouveau Front Populaire zesummeschafft, gesinn dat awer anescht. De Parteichef Olivier Faure war leschte Freideg beim Macron fir Gespréicher, wëllt een Accord awer just mat engem Premier vun der Gauche.

D'Mathilde Panot huet d'Sozialisten opgeruff, nees zur Vernonft ze kommen. Hire Parteikolleeg Jean-Luc Mélenchon sot Esouguer, d'Lénksallianz géing ouni déi weidergoen, déi sech engem Accord mat de Macronisten uschléissen.

Lauschterenplay_arrow