arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Macron annoncéiert méiglech defensiv Missioun an der Hormuspassage

Krich am Noen Osten

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Macron annoncéiert méiglech defensiv Missioun an der Hormuspassage

Op Initiativ vum franséische President Emmanuel Macron an dem brittesche Premier Keir Starmer koumen haut am Nomëtteg 49 Länner fir eng Videokonferenz zesummen. Eng Koalitioun vu Wëllege soll eng defensiv Missioun preparéieren, fir den Trafic an der Strooss vun Hormus ze garantéieren.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
(v.l.n.r.) Giorgia Meloni, Keir Starmer, Emmanuel Macron, Friedrich Merz | © EPA/MICHEL EULER / POOL MAXPPP OUT
(v.l.n.r.) Giorgia Meloni, Keir Starmer, Emmanuel Macron, Friedrich Merz (Foto: EPA/MICHEL EULER / POOL MAXPPP OUT)

D’Annoncë vun haut goufe virsichteg begréisst. 

Et bleift ee virsiichteg

No der Videokonferenz war den Emmanuel Macron zesumme mam Keir Starmer, dem däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz an der italieenescher Premier Giorgia Meloni virun d’Presse getratt fir iwwer d’Gespréicher ze informéieren. Wärend der Konferenz hätt ee vun der iranescher Annonce héieren, d’Strooss vun Hormus nees opzemaachen. 

Dës Entscheedung, genee wéi d’Wafferou tëschent Israel an dem Libanon, géing ee begréissen, mee et géing ee virsiichteg bléiwen, esou den Emmanuel Macron. D’Länner hätten sech op eng ganz kloer Fuerderung gëeenegt, huet de franséische President annoncéiert. D’Strooss vun Hormus misst direkt an ouni Konditiounen nees opgemaach ginn an och op bleiwen.

USA keen Deel vun der Missioun

Soubal et eng dauerhaft Wafferou géing ginn, kéint ee mat enger réng defensiver Missioun ufänke fir d’Sécherheet an den Trafic an der Strooss vun Hormus ze garantéieren. D’USA sinn net un dëser Missioun bedeelegt, well dës komplett neutral soll sinn an deemno keng Krichspartei Deel soll sinn. 

Frankräich, esou den Emmanuel Macron, hätt scho Schëffer an der Regioun, déi kéinten agesat ginn. De Keir Starmer sot 12 Länner hätte scho konkret Hëllef proposéiert. D'nächst Woch kommen d’Länner nees zu London zesumme fir d’Pläng ze konkretiséieren.

play_arrow Lauschteren