Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxfilmfest Digest (2)

Kultur

Luxfilmfest Digest (2)

A sengem zweeten Deel vun de Kriticken zu de Filmer, déi um Luxfilmfest lafen, analyséiert de Michel Delage op d'Filmer "Knit's Island", "The Echo", "Milk", "Il pleut dans la maison" an ''Hollywoodgate''.

auto_stories

7 min

D’Purdey an de Makenzy Lombet am belsche Film “Il pleut dans la maison”
D’Purdey an de Makenzy Lombet am belsche Film “Il pleut dans la maison”

"Knit's Island" vum E. Barbier, G. Causse a Q. L'Helgoualc'h (Kompetitioun – Documentaire)

Originell ass dëse franséischen Documentaire schonn emol op alle Fall. De Realisateuren-Trio beweegt sech wärend dem ganze Film an der virtueller Welt vun engem Online-Survival-Spill – als Avataren, dat heescht als virtuell Personnagen. Mam Rucksak um Bockel a Gewier am Grapp lafen si do, nieft Zombien, anere konnektéierte Spiller aus der ganzer Welt iwwer de Wee. Verschiddener verbrénge schonn deelweis zënter Joren hir Fräizäit an deem duerchaus realistesche Schäin-Universum. D'Realisateuren hunn et knapp dausend Stonnen do ausgehalen.

Mat hire perséinlechen Ziler a Motivatioune schafen d'Spiller den eigentlechen Zweck vum Spill: anescht wéi am richtege Liewen däerf een an där Parallel-Welt ongestrooft maache wat ee wëll. Ouni Iwwerraschung regruppéieren sech verschiddener a Banden, fir hire sadisteschen Impulser fräie Laf ze loossen (aner Avataren erschéissen a soss Perversitéiten). Domat beschäftegt sech den éischten Deel vum Documentaire, deen (aus deem Grond?) och séier langweileg gëtt...

Méi interessant sinn dogéint aner Spiller, déi sech beispillsweis a reliéis Gemeinschaften organiséieren, op e respektvollen Ëmgang setze respektiv stonnelaang zesummen duerch d'Natur marschéieren. Ee vun de Befrotene genéisst gäre seng Rou an zitt eleng duerch d'Landschaft. Dës visuell flott Momenter zéien d'Spectateuren an hire Bann.

Et ass scho faszinant, wéi Leit hir kostbar Zäit afferen, fir am virtuelle Liewe genee dat ze maachen, wat se am richtegen och kéinten hunn. Gi se aus iergend engem Grond dru gehënnert, zum Beispill duerch Sozialphobie oder eng physesch Behënnerung? Ass dat Virtuellt eventuell méi spannend wéi d'Realitéit? Wat sinn d'Konsequenzen op dat richtegt Liewen? Alles dat gëtt een am Film leider net gewuer.

''Knit's Island'' werft eng ganz Rëtsch philosophesch Froen op. Ass den Avatar deckungsgläich mat der realer Persoun ? Ass déi virtuell Welt en Deel vun der Realitéit oder eng reliéis Projektioun ? Wie profitéiert vun där Flucht aus der Realitéit respektiv vum Verzicht op dat reellt Liewen? Méiglech Äntwerte gi just gesträift.

Déi dräi Realisateure setzen haaptsächlech op de visuellen Impakt vun hirer Aventure am “virtual space”, ouni de grondleeënde politesch-soziologeschen Aspekter vun hirem Sujet op de Fong gaangen ze sinn.  

"Milk" (Melk) vun der Stefanie Kolk (Kompetitioun – Fiktioun)

Eng Koppel muss den Deuil vun hirem nach ongebuerene Kand verschaffen. Wat maache mat der Mammemëllech, déi d’Fra weiderhi produzéiert? Déi grouss Iddi vun dësem villverspriechenden hollänneschen Debutfilm ass et, dem ongräifbare Verloscht vun engem Kand e materielle Support ze ginn.

D’Mëllech, déi si sech aus der Broscht pompelt an a Fläschelcher am Tifküler stockéiert, kann d’Haaptprotagonistin net méi hirem eegene Bëbee ginn. Dofir entscheet si sech, fir se enger anerer Mamm ze spenden, déi drop ugewisen ass. Dem emotional vitale Besoin vun zwou Frae ginn allerdéngs reglementaresch-bürokratesch Obstakelen an de Wee gestallt.

Déi zweet Iddi vu “Milk” ass den Trauer-Wandergrupp, deem sech d’Fra uschléisst. Do trëfft si Gläichgesënnter, mat deene si hiert Leed kann deelen. Mee no bestëmmte Reegelen: marschéiert gëtt ouni e Wuert mateneen ze schwätzen!

“Worüber man nicht sprechen kann, darüber muss man schweigen”, sot den éisträichesche Philosoph Ludwig Wittgenstein. Och an engem Deuil léisst sech net alles a Wierder faassen. Intim Wonnen, wéi de Verloscht vun engem léiwe Mënsch, sinn héchstens iwwer net-verbal Kommunikatioun, iwwer den direkte kierperleche Face-à-face an net, beispillsweis, via Handy oder Internet ze vermëttelen.

De Minimalismus, deen d’Dialogen auszeechent, zitt sech duerch all d’Aspekter vum Film. Déi sober Dekore vun der Koppel hirem modernen an einfachen Appartement spigelt hiren emotionale Vide nom Doud vum Bëbee.

An awer reduzéiert sech “Milk” net op den triste Spektakel vun enger um Buedem zerstéierter Koppel. D’Iddi vun der Mamm als kleng Mëllech-Maschinn oder d’Zeene mat de rouege Wanderer suergen duerchaus och fir absurd-kokass Momenter, déi souguer d’Protagoniste selwer schmunzelen deet.   

"Il pleut dans la maison" (It’s raining in the house) vun der Paloma Sermon-Daï (Kompetitioun – Fiktioun)

Iwwer de Portrait vun zwee Geschwëster thematiséiert déi jonk wallounesch Realisatrice déi decisiv Iwwergangsjore vum Teenager- zum Erwuessenenalter. D’Purdey (17 Joer) an de Makenzy (15 Joer) sinn zimmlech op sech selwer gestallt. Hir elengerzéiend aarbechtslos Mamm ass kaum doheem a wéinst hirer Drogen- an Alkoholsucht kaum an der Lag, fir sech ëm de Stot ze bekëmmeren. Zu allem Iwwerfloss drëpst de Reen duerch de Plafond vum Purdey sengem Zëmmer – d’Meedche muss mam Brudder an der Kummer schlofen...

Ouni Pappefigur, un déi hien sech kéint orientéieren, verfält de Makenzy lues a lues an eng Mëschung aus toxeschem Maskulinismus an emotionaler Verkommenheet, déi an oniwwerluechte Gewalt ausbrécht. Fir sech a säi Brudder finanziell iwwer Waasser ze halen, muss d’Purdey deelzäit botze goen: op de geplangten Infirmières-Studium muss et provisoresch (oder fir ëmmer?) verzichten. Et spiert een, datt a béide Fäll de Sprong an e gereegelt, autonoomt Liewen op der Kipp steet.

Déi zwee Amateur-Schauspiller Purdey a Makenzy Lombet droen zu engem groussen Deel zur Qualitéit vun dësem sensibele Film bäi. Datt si och am richtege Liewe Geschwëster sinn erkläert wuel hir Komplicitéit virun der Kamera. Hiert erstaunlech intensiivt Spill berout souwuel op der Kierpersprooch wéi och op den Dialogen, déi ëmmer spontan an authentesch wierken.   

Hannert der Kamera goufen se sécherlech gutt vun der nach jonker Paloma Sermon-Daï dirigéiert. D’Cineastin huet um Luxfilmfest erkläert, datt si an hirem Film autobiografesch Erënnerungen an enker Zesummenaarbecht mat hiren zwee Haaptprotagoniste verschafft huet.

Obwuel een “Il pleut dans la maison” ouni Problem an d’Traditioun vum belsche Sozialkino aklasséiere kann, fält de Film wäit manner däischter aus wéi dat, wat een zum Beispill vun de Gebridder Dardennes gewinnt ass. D’Kuliss vun de Lacs de l’Eau d’Heure (hanner Philippeville), wou gedréint gouf, gëtt deem Ganzen eng summerlech Liichtegkeet.

"Hollywoodgate" vum Ibrahim Nash'at (Kompetitioun – Documentaire)

Enn August 2021 haten d'USA hir lescht Truppen aus dem Afghanistan zréckgezunn an d'Land de fundamental-islamisteschen Taliban iwwerlooss. No zwee Joerzéngte Krich war domat déi humiliant Néierlag fir Washington an d'NATO (dorënner Lëtzebuerg) besigelt. Datt déi afghanesch Zivilpopulatioun zanterhier fir zerguttstert engem brutalen a regressive Regimm ausgeliwwert ass, interesséiert an de westleche Staaten nach déi Wéinegst – d’Vereenegt Staaten an hir NATO-Alliéiert sinn elo an der Ukrain beschäftegt...

Mat der Kamera d’Realitéit vum Alldag ënnert dem Taliban-Regimm nom amerikanesche Réckzuch afänken, dat war dem ägypteschen Documentarist Ibrahim Nash’at säin Zil. Dofir krut en awer keng Erlabnis. Wat en dogéint huet dierfe filmen (begleet a streng iwwerwaacht) ass héichinteressant: de Fluchhafen zu Kabul (wou iwwregens de klenge Lëtzebuerger Kontingent stationéiert war) an dat imposant Militärmaterial, dat d’Amerikaner am Afghanistan hu missten zréckloossen (Helikopteren, Kampfjetten, Bomberen, asw.), Kampfmaschinnen, also, déi den neie Pouvoir wéi et ausgesäit kann a Stand halen an nees asetzen...

Iwwerdeems de (couragéierte) Kameramann den neie Kommandant vun der afghanescher Militär-Aviatioun op sengen Inspektiounsvisitten a soss Entrevuen däerf begleeden, kréie mer iwwer d’Band matgedeelt, wéi d’Taliban esou ticken. Hir ideologesch Virléifte si bekannt: d’Fraen hunn am ëffentleche Liewen näischt verluer (op der Strooss heeschen däerfen si awer!).      

Trotz Desorganisatioun an Improvisatioun vum neie Regimm kritt een ze verstoen, datt sech an Afghanistan e brutale Militärregime amgaang ass opzebauen. Nieft der Repressioun am Land selwer kéint an Zukunft mat aggressiven Aktiounen no baussen ze rechne sinn: aus deenen engen oder anere Gespréicher gëtt een zum Beispill gewuer, wéi den Tadjikistan menacéiert gëtt (deem seng Schutzmuecht Russland ass jo och anerwäerteg beschäftegt...).

Anerersäits vermëttelen déi am Film duergestallten Taliban net grad d’Bild vun engem monolithesch-solidaresche Block. Op Responsabilitéitsposte schéngen duerchaus Leit ze sëtzen, déi méi aus Opportunismus wéi aus déiwer Iwwerzeegung dem neie Regimm déngen. Des weidere schéngt et eng ganz Rëtsch rosen Taliban-Kämpfer ze ginn, déi bei der Verdeelung vun der Krichsbeute eidel ausgoungen - eng potentiell Gefor fir déi nei Regierung.

An enger erstaunlecher Zeen erliewe mer, wéi den neie Kommandant vun der afghanescher Militär-Aviatioun net fäeg ze si schéngt, iwwer eng einfach Multiplikatioun Personalkäschten auszerechnen – iwwregens och kee vun den aneren, déi grad mat him am Raum sinn. Jo, genee déi Leit sinn et, déi déi stäerksten Arméi an déi stäerkste Militärallianz vun der Welt aus Afghanistan erausgeheit hunn...