Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sirens Of Lesbos - Sweet Harmony

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxfilmfest Digest (1)

Kino

Luxfilmfest Digest (1)

A sengem éischten Deel vun de Kriticken zu de Filmer, déi um Luxfilmfest lafen, huet sech de Michel Delage op d'Filmer "The Outrun", "The Echo", "Day of the Tiger" an "Toll" konzentréiert.

auto_stories

4 min

Eng Zeen aus dem Film "The Echo".

“The Outrun” vun der Nora Fingscheidt (Ouvertures-Film)

Direkt mat hirem Debutfilm “Systemsprenger” (2019), iwwer déi onkontrolléiert Gewaltausbréch vun engem klenge Meedchen, hat sech déi däitsch Realisatrice Nora Fingscheidt en Numm gemaach. An hirem drëtte Film thematiséiert si de schwierege Wee aus der Alkoholsucht vun enger Biologiestudentin (Saoirse Ronan).

De Film pendelt permanent tëschent hirer Partyzäit zu London, wou si reegelméisseg an den Alkohol gefall war, an hirem Heemechtsduerf op den nord-schotteschen Orkney-Inselen, wou si eng Entzéiungskuer matmécht. D’Flashbacken déngen net nëmmen dozou, d’Ursaache vun hirer Ofhängegkeet ze rekonstituéieren (gescheeten Elteren an e bipolare Papp).

Mam Hin an Hir gëtt och de Rhythmus vun der Sucht imitéiert: op dréche Periode kommen nees Periode vum Soff, asw. Géigewaart a Vergaangenheet fléissen aneneen, wéi wann et sech ëm en eenzegen, eendimensionalen Zäitraum géif handelen. Ënnert der konfuser Iwwerfläch läit eng konschtvoll Verflechtung vun de verschiddenen Niveauen .

Déi poetesch Naturbeschreiwungen, déi d’Rona am Off virdréit, deite metaphoresch op hire Gemittszoustand hin. Dat stiermescht Wieder op der Insel steet fir d’Häert vun der Entzéiung, déi aggressiv elektronesch Musek ënnersträicht d’Desorientéierung duerch den Alkohol.

“The Outrun” ass der exzellenter Actrice Saoirse Ronan op Mooss geschnidden (als Produzentin vum Film konnt si net schlecht ewechkommen). Déi grandios a befreiend Endsequenz aleng ass et der Wäert, d’Rona op hirem Kampf géint den Alkohol ze begleeden.

“The Echo” (El Eco) vun der Tatiana Huezo (Kompetitioun - Documentaire)

Déi salvadorianesch-mexikanesch Documentaristin Tatiana Huezo weist onkommentéiert den Alldag vu mexikanesche Bauerefamillen. D’Aarbecht ass villfälteg (Landwirtschaft, Déierenzuucht, Aarbecht um Bau asw.) a jidderee péckt eng Hand mat un, déi Grouss wéi déi Kleng.

Besonnesch markant ass d’Form vun “El Eco”, dee wéi e Fiktiounsfilm gefilmt a montéiert ass, wäit ewech also vum “brute” Reportage-Stil, dee vill Documentairë charakteriséiert. D’Kameraastellunge bannent enger Zeen gi variéiert. Kee kuckt an d’Kamera, wat op Regieuweisungen hindeit. D’Bildqualitéit ass soignéiert. Déi vun no gefilmte Gesiichter stralen eng besonnesch Emotioun aus, déi vun engem Hauch vun Iwwernatierlechem gedroe gëtt (Niwwel, Musek). D’Realisatrice beweist, datt gestallten Zeenen net manner wouer kënne si wéi eng “objektiv” opgefaange Realitéit.

“El Eco” ass wuel den Numm vun der Uertschaft, an där gefilmt gëtt. Gläichzäiteg zitt sech den Echo als Prinzip duerch de Film: Echo tëschent den Zeenen (d’Meedchen hält doheem senge Poppen e Cours, duerno senge méi jonke Matschüler), Echo tëschent de Generatiounen (d’Enkelin schwätzt mat der Boma, déi krank am Bett läit, wat och dem Wiessel vun de Joreszäiten entsprécht), Echo tëschent Mënsch an Natur (de Bouf am grénge Pullover trëppelt duerch dat säfteg gréngt Gras), asw.

D’Kanner stinn am Mëttelpunkt vum Film, dee wichteg Froen opwerft: Reproduzéieren si d’Liewensweis an déi traditionell Geschlechterrolle vun hiren Elteren? Oder briechen si aus hirer Welt aus? Wéi en Echo vermëttelen si den zukünftege Generatiounen?

“Day of the tiger” (Tigrú) vum Andrei Tanase (Kompetitioun – Fiktioun)

Eng Veterinärin, déi um Doud vun hirem Bëbee knat, kritt eng Tigerin uvertraut, déi sech dann Nuets aus dem Zoo duerch d’Bascht mécht. Zesumme mat engem Jeeër, enger Handvoll Polizisten, de Proprietairë vum geféierleche Béischt an hirem Mann mécht sech d’Fra op d’Sich. A propos Mann: deen huet si kuerz virdrun zoufälleg beim Säitesprong erwëscht...

De liicht absurde Verlaf vun dësem rumänesche Film hëlleft, d’Kris vun der Koppel e wéineg ze dedramatiséieren. Op d’mannst emol d’Affär vun hirem Mann mat enger jonker Studentin... Symboliséiert d’Flucht vun der Tigerin elo der Veterinärin hire Wonsch no Befreiung? Oder awer hire Wëllen, den animaleschen Instinkt vun de Männer, déi praktesch all an d’Lächerlecht gezu ginn, ze bändegen? Iergendwéi passen déi zwou Interpretatioune gläichzäiteg.

De Film wierkt duerch seng knapp Dauer (80 Minutten) erfrëschend, ass alles an allem net oninteressant mee vläicht e bëssen dënn.

Toll  (Pedágio) vun der Carolina Markowicz (Kompetitioun – Fiktioun)

An dësem brasilianeschen Drama gëtt eng Mamm mat der Homosexualitéit vun hirem 17 Joer ale Bouf konfrontéiert, deen op de sozialen Netzwierker “queer” Video vun sech verëffentlecht. Op Rot vun enger Aarbechtskolleegin schéckt si hire Fils bei a Geeschtlechen an d’Therapie: dee soll de jonke Mann erëm op d’Bunne vun enger akzeptabeler Männlechkeet zréckbréngen. Wien ass de wierkleche Freak?

Nieft der Kritik un der Heterosexualitéit als gesellschaftlech Norm ginn hei och aner Tabuthemen ugeschwat (Sex am Alter, Sex fir déi Net-sexy).

Déi gewollt flemmseg Atmosphär vum Film deckt sech mat der Tristess vun der duergestallter Realitéit. D’Personnagë liewen an der Ëmgéigend vun enger Pëtrolsraffinerie, zwar net an der absolutter Aarmut vun de Favelaen (e beléifte Brasilien-Cliché), awer och net an de gepfleegte Quartiere vun de bessere Mëttelschichten.     

De Beruff vun der Fra (Caissière an engem Autobunnspéage) symboliséiert hire soziale Status: si muss de ganzen Dag nokucken, wéi Leit mat hiren deieren Autoen a Rolexen um Handgelenk laanscht fueren. Näischt dovu bleift bei hir hänken, et sief, si hëlleft no...

Kultur
Kino