Radioen

On air

Notturno  |  Allegra Krieger - Nothing In This World Ever Stays Still

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerg no der Covid-Pandemie: Besser opgestallt fir d'Zukunft?

Pandemien: Wat hu mir geléiert?

Lëtzebuerg no der Covid-Pandemie: Besser opgestallt fir d'Zukunft?

D'Covid-19-Pandemie huet global fir Ëmdenke gesuergt. Zu Lëtzebuerg goufen nei Technologien an innovativ Methoden ageféiert, déi eis besser op zukünfteg Pandemien virbereede kéinten.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Markus Ollert | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D'Zesummenaarbecht tëschent de Fuerschungsinstituter an der Regierung war eng vun de gréisste Léieren aus der Pandemie, erkläert de Professer Markus Ollert vum Luxembourg Institute of Health (LIH). Dat huet et erlaabt, séier Entscheedungen ze treffen an nei Technologië wéi Large-Scale-Testing an d'Iwwerwaachung vum Ofwaasser fir d'Viruserkennung ëmzesetzen.

Technologien als Basis fir d'Zukunft

Eng weider Innovatioun war den Asaz vun diagnosteschen Technologien, déi am groussen Ëmfang getest goufen. De Professer Ollert betount, datt dës Methoden net nëmmen hëllefräich waren, fir d'Covid-19-Pandemie ze meeschteren, mee och fir zukünfteg Erausfuerderungen ugewannt kënne ginn.

Pandemien: Eng Fro vun der Zäit?

Och wa keen d'Zukunft viraussoe kéint, weisen zwee gréisser Coronavirus-Ausbréch an de leschten 20 Joer drop hin, datt änlech Situatioune warscheinlech sinn. "Mir sinn awer besser opgestallt, fir esou Erausfuerderungen an de Grëff ze kréien", seet de Professer Ollert.

D'Léieren aus der Covid-Pandemie kéinten also e wichtege Baustee fir déi zukünfteg Krisenhandhabung sinn, esou de Fuerscher.

Lauschterenplay_arrow