Radioen

On air

Notturno  |  Rogé - Existe Uma Voz

play_arrow Live
search

/ Luxair zitt de Bilan vun 2023: "Ee Joer wéi nach ni virdrun" 

Iwwer 2,5 Millioune Passagéier

Luxair zitt de Bilan vun 2023: "Ee Joer wéi nach ni virdrun" 

D‘Luxair weist sech zefridde mat de Resultater vun zejoert. Déi national Fluchgesellschaft huet 2023 iwwer 2,5 Millioune Passagéier transportéiert. Dat war eng Hausse vun 22 Prozent par rapport zum Joer virdrun.

auto_stories

1 min

Luxair Boeing 737-700 | © Bigstock
Luxair Boeing 737-700 (Foto: Bigstock)

Italien war zejoert déi beléifsten Destinatioun. Duerno koume Portugal a Frankräich. Och bei LuxairTours goungen d‘Zuelen op iwwer enger Millioun Passagéier erop.

Et wier e Joer, wéi nach ni gewiescht, sou d‘Luxair iwwer hire Joresbilan 2023.