search

/ LuxTrust-Verwaltungsrotspresident entschëllegt sech perséinlech fir Pann

Serge Allegrezza

|
headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

LuxTrust-Verwaltungsrotspresident entschëllegt sech perséinlech fir Pann

Bal 24 Stonne laang waren d'Servicer vu LuxTrust net disponibel: Keng Online-Iwwerweisunge méiglech, keng Umeldung op MyGuichet, a kee last-minute Christmas shopping. De Serge Allegrezza, President vum Verwaltungsrot bei LuxTrust, schwätzt am 100,7-Interview vun engem "peinlechen" Tëschefall.

headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Et wier een Ekipement futti gaangen, esou d'Erklärung vum Serge Allegrezza. U sech eng Trivialitéit, wéi hien erkläert, mee de Remplacement hätt net esou funktionéiert, wéi en hätt sollen.

Elo géingen Analyse lafe mat de Fournisseuren, wéi dat geschéie konnt. Resultater géifen et awer nach keng ginn, betount de Serge Allegrezza.

Ierger vun de Leit "komplett ze verstoen"

No esou engem Tëschefall ginn ëmmer Conclusioune fir d'Zukunft gezunn. Fir de fréiere Statec-Direkter ass kloer, datt een un der Kommunikatioun schaffe muss. Net déi mat de Professionellen, well déi wier "immens gutt" gewiescht, mee déi mam Grand public.

Et wier ganz schwiereg ze kommunizéieren, wann een näischt ze kommunizéieren huet, well d'Pannen nach amgaange si behuewen ze ginn, esou de Serge Allegrezza.

"Mee natierlech, deen Tollé, deen dunn entstanen ass, ass komplett ze verstoen. An ech muss och soen, dass ech mech perséinlech am Numm vun der Gesellschaft och entschëllegen, bei all deene Leit, wou dat doten elo en Dommage oder eng Gêne causéiert huet. Dat ass peinlech a mir mussen op jidde Fall op der Kommunikatioun, musse mir nach schaffen."

Problem Monopolstellung?

Et ass am Kontext vun där Pann och rieds gaangen iwwer d'Monopolstellung, déi LuxTrust de facto um Lëtzebuerger Marché huet, verbonne mat der Fro, ob ee sech net awer misst och e Plan B ginn.

Un déi Fro misst ee "mat rouegem Kapp" ugoen, seet de President vum LuxTrust-Verwaltungsrot.

"Dat ass, wéi wann ee géif soen, den Zuch ass mat e puer Stonne Retard komm. Dat ass d'Schold vun der Eisebunnsgesellschaft, déi Monopol huet. Elo musse mir der e puer bauen. Dat geet, an Infrastrukture geet dat net. D'Volumme sinn dat, wat ausschlaggebend ass. Dat ass dat, wat mécht, dass et rentabel ass."

D'Resilienz wier an deem Fall awer net um néidegen Niveau gewiescht.

Reaktioun vum Minister nozevollzéien

Interessant war och ze gesinn, déi d'Kommunikatioun vum Wirtschaftsminister Lex Delles am Laf vum Nomëtteg geännert huet, vun am Ufank e bësse verständnisvoll, bis duerno awer kloer ze soen, dat do kann net sinn.

Déi Meenung géing hien och deelen, esou de Serge Allegrezza, betount awer, datt een elo just kann op Analyse waarden, fir Saachen  ze verbesseren.

play_arrow Lauschteren