De Luc Frieden géing et begréissen, wann d’Ursula von der Leyen Spëtzekandidatin vun der Europäescher Vollekspartei géing ginn. Dat sot de Premier gëschter um Bord vum EU-Sommet.
Ursula vun der Leyen eng „ideal Kandidatin fir Kommissiounspresidentin“
Si wier och eng ideal Besetzung, fir weider un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun ze stoen, sou de Luc Frieden.
Iwwer eng méiglech Zukunft vum aktuelle Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit no den Europawalen an der Europäescher Kommissioun, wollt sech de Premier net festleeë.
Kee Grond, den Accord vun CSV an DP a Fro ze stellen
Den LSAP-Politiker soll jo Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialiste ginn. Seng Partei kéint deemno no de Walen een héije Posten an der Kommissioun fir hien afuerderen.
Op d’Fro hin, ob hien dee Moment géif Nee soen, sot de Luc Frieden:
“Et si vill Posten ze besetze bis Enn dëses Joers op europäeschem Plang. An déi Froe stelle mir eis, wa se sech stellen. Den Accord, deen zwëschent der CSV an der DP besteet, deen Deel ass vun der Regierungsbildung, deen ass op Grond vun allen Elementer, déi ech bis haut hunn, net a Fro gestallt. D'Situatioun vu virun enger Rei Joren, war natierlech insofern och eng ganz aner, well den Här Juncker Kommissiounspresident ginn ass. Dofir steet déi Fro fir de Moment net am Raum. Et ass och net ze vergläiche mat enger Situatioun vun zéng Joer.”
Déi aktuell CSV-DP-Regierung huet bekanntlech den CSV-Deputéierte Christophe Hansen als Lëtzebuerger Vertrieder fir déi nei Europäesch Kommissioun no den Europawalen designéiert.
Virun zéng Joer hat déi blo-rout-gréng Koalitioun op hire Kandidat fir d’Kommissioun verzicht. Dat nodeems de Spëtzekandidat vun der EVP, de Jean-Claude Juncker, no de Walen als Kommissiounspresident nominéiert gi war.