Update 11h45: Kuerz viru Mëtteg koum et zu engem Accord: Den ungaresche Permier Viktor Orbán huet säi Veto opginn an engem Finanzpak vu 50 Milliarden Euro fir d‘Ukrain zougestëmmt. Dat huet de Conseilspresident Charles Michel zu Bréissel annoncéiert.
Um EU-Sommet probéieren déi 27 Staats- a Regierungscheffen haut eng Léisung ze fannen, fir der Ukrain eng finanziell Ënnerstëtzung fir déi nächst Joren zouzesoen. Et geet ëm 50 Milliarden Euro, déi sollen Deel vum pluriannuellen EU-Budget ginn.
26 géint 1
Ungarn ass do dogéint. Onkloer ass, ob sech déi 27 haut eens ginn, oder een awer um Enn eng alternativ Léisung zu 26 ustrieft. Zil wier eng Léisung zu 27, sot virun der Reunioun zu Bréissel de Premier Luc Frieden.
“Ech hätt gär, datt - wa mir fäerdeg sinn - d'Ukrain déi Sue kritt. D'Ukrain muss wëssen, datt si an dësem schreckleche Krich net eleng gelooss gëtt. Dat ass d'Zil, an ech hoffen, datt jiddwereen, och dee Siwenanzwanzegsten - also och Ungarn - dat esou gesäit."
Plang A ass d’Zil
Et bräicht een eng durabel Léisung. Dat heescht, eng, déi fir déi nächst Jore gëllt, sou de Premier. Doriwwer, wéi ee Plang B ouni Ungarn, deen der Ukrain trotzdeem déi néideg Moyenen zur Verfügung stelle géif, kéint ausgesinn, wollt den CSV-Politiker näischt soen.
“Wann een an d'Verhandlung geet, da geet ee ra mat engem Plang A. An de Plang A ass d'Léisung, zu siwenanzwanzeg. Dat ass generell meng Attitüd bei Verhandlungen. Ech fänken net un, schonn den zweete Plang ze huelen, wann ech un deen éischte gleewen.”
Fir de Luc Frieden gëtt et bei deene Verhandlungen eng Limitt. Dat wier déi vun der Rechtsstaatlechkeet, déi net zur Debatt stéing. “Iwwert deen een oder aneren Euro kann een diskutéieren, net awer iwwert d’Grondwäerter vun der EU.”, sou de Luc Frieden.
Bauereprotester zu Bréissel net ze iwwerhéieren
Den EU-Sommet zu Bréissel gëtt begleet vum Getuuts vun de Baueren, déi massiv an der belscher Haaptstad Stroosse blockéieren. De Lëtzebuerger Premier huet ewéi anerer Staats- a Regierungscheffe Versteesdemech gewise fir dee Protest.
D’EU wier net un allem Schold, mee et misst een iwwerleeën, ob all d’Reegelen, déi de Baueren imposéiert ginn, Sënn maachen, an dofir suergen, datt d’Bürokratie vereinfacht gëtt, sou de Premier.