Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Little Simz - Woman Feat. Cleo Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden: Decisioun fir Ufank vu Bäitrëttsverhandlunge geet an d'Geschichtsbicher

Enn vum EU-Sommet

Luc Frieden: Decisioun fir Ufank vu Bäitrëttsverhandlunge geet an d'Geschichtsbicher

Den EU Sommet zu Bréissel ass eriwwer. Et wier e  ganz extraen an historesche Sommet gewiescht, esou de Luc Frieden zu Bréissel. De Premier zitt e positive Bilan vu sengem éischten EU Sommet. E Sommet, dee vum ungaresche Premier Viktor Orban dominéiert war.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Bei der Ouverture vu Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain, déi de Viktor Orban blockéiere wollt, hat hien um Enn jo awer opginn. Hien hat de Sall verlooss, sou datt déi aner 26 awer nach unanime gréng Luucht konnte ginn.

Kloer Äntwert op russeschen Ugrëffskrich

Dës Decisioun wäert an d’Geschichtsbicher agoen, sot de Luc Frieden, a wier eng kloer Äntwert op de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain.

"Fir der Ukrain ze soen dir sidd net elleng, t’ass och eng Äntwert fir dem President Putin ze soen, datt et net kann esou sinn, datt een e Land iwwerfält, a sech Territoiren ënnert de Nol rappt."

Mee mee déi zousätzlech Suen, 50 Milliarden Euro, déi d’EU der Ukrain am pluriannuelle Budget wëll zur Verfügung stellen, huet de Viktor Orban blockéiert. Déi aner 26 wiere sech eens, datt d’Ukrain déi Sue bräicht, an de Luc Frieden mengt, datt och hei en Deblockage kann erreecht ginn. Dofir gouf e weidert Treffe vun de Staats- a Regierungscheffen ugangs nächst Joer annoncéiert. 

Eng Form vun Erpressung?

De Viktor Orban huet elo scho gesot: Ee Jo zu dëse finanziellen Hëllef fir d’Ukrain géif hien un den Deblockage vu weidere Sue fir säi Land knäppen. Kuerz virum Sommet scho waren 10 Milliarde fir Ungarn fräigeschalt ginn. Ass dat net eng Form vu Chantage?

"Ech mengen datt den Här Orban méi d’Innepolitik gekuckt huet wéi d’Gesamtbild. An dat zweet ass, datt hie selbstverständlech, ouni et ze soen, am Kapp natierlech dat heiten och gebraucht, fir op deem Wee vum Deblockage vun de Suen, déi hie gären hätt. Dat huet en net esou ausgedréckt, dat muss ech ënnersträichen, mee dat ass, natierlech, wann een déi Blockage Attitüd kuckt, schéngt dat mer evident."

Perséinlech hätt de Luc Frieden léiwer Leit, déi mat Kompromësser op anerer zouginn, ewéi déi, déi "mat engem véiereckege Kapp alles blockéieren". Dat géif weder am Interêt vun Europa, nach am Interêt vun Ungarn leien.

Lauschterenplay_arrow