Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Luc Frieden: D'Ukrain kann op d'Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg zielen

Davos

Luc Frieden: D'Ukrain kann op d'Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg zielen

Um Weltwirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz huet de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj weider Ënnerstëtzung versprach. Dat deelt de Luc Frieden iwwer Instagram mat.

auto_stories

3 min

Wann ee Land iwwerfall gëtt a seng Existenz bedrot ass, misste mir zesummenhalen, huet hien nach ënnert der Foto op Instagram geschriwwen, op där hien dem Selenskyj d‘Hand gëtt.

Den ukrainesche President sot um Weltwirtschaftsforum nach, datt de de russesche President Wladimir Putin ee „Raubdéier“ wier, dat sech net mat engem agefruerene Konflikt zefridde wäert ginn. Hien huet de Westen ausserdeem dozou opgeruff, d‘Ukrain am russeschen Agressiounskrich virun allem an de Loftofwiersystemer ze ënnerstetzen.

 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 

A post shared by Luc Frieden (@luc.frieden)

Och d'USA versprieche weider Ënnerstëtzung

Zu Davos treffe sech nach bis e Freiden héichrangeg Vertrieder aus de Beräicher Politik a Wirtschaft. Et ass déi éischte Kéier, datt de Wolodymyr Selenskyj a Persoun dohi reest. Déi lescht zwee Joer war hien iwwer Video zougeschalt.

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen sot zu Davos schonn, datt d‘Ukrain e previsibele Finanzement bräicht. Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet versprach, datt d‘USA hir Ënnerstëtzung géife bäibehalen.