Ee Fitnesszenter an engem Park zu London: Mënsche fannen sech hei zesumme fir ze trainéieren. Den Ubléck ass bal banal. Mee mir sin zu Lambeth, engem Quartier am Süde vu London, dem Staddeel mat de meeschte Verbrieche mat engem Messer aus der brittescher Haaptstad. An dee Fitnesszenter ass keen ewéi déi aner.
Kee gewéinleche Fitnesszenter
Net just d’Lag vum Fitnesszenter ass ongewéinlech, souguer de Stol, aus deem e gebaut gouf huet och eng eenzegaarteg Geschicht. D’Gerüster op der Plaz goufen aus ageschmoltem Stol vu Messere gegoss, déi bei der Police gesammelt goufen.
Hannert dem Projet stécht Steel Warriors, eng Organisatioun déi sech an der Lutte géint d’Gewalt duerch Messerattacken dofir asetzt, dës Sportplaze gratis unzebidden. Hire Message ass kloer: De Stol soll d’Liewen opbauen an net zerstéieren.
De Kär vun der Léisung
Jonker hätten ze vill Energie, heescht et vum Christian d’Ippolito, deen d’Organisatioun Steel Warriors vertrëtt. Si hätten näischt fir dës Energie lasszeginn, also wenden si sech u Crime a Gewalt. Et misst een d’Jonker besser encadréieren, hinnen eppes ze maache gi fir dës Energie ze verwäerten.
De Gym wier eng optimal Léisung. Hei kéint een sech net just austoben an iwwerschësseg Energie erausloossen. Et géif och ee staarke Sënn vun Zesummenhalt a Komerodschaft vermëttelt ginn. Et géif een sech géigesäiteg ënnerstëtzen an esou zesumme wuessen.
D’Wierkung vum Projet
Sport ass net déi éischt Method, déi an de Kapp kënnt, wann een u Preventioun géint Gewalt denkt. Allerdéngs komme vill Leit reegelméisseg bei d’Fitnesszentere vu Steel Warriors. Jidderee bréngt eng eege Geschicht mat, a viller waren an direktem Kontakt mat de lokale Gangs an der verbonnener Gewalt.
Et wier wichteg fir déi Jonk, eppes Positives aus dësem negative Kontext ze maachen. D’Initiativ ass och net méi just privat, och Stolfirmen an d’Gemeng vu London ënnerstëtzen de Projet. Studien hätte gewisen, datt de Sport eng viabel Method ass, fir d’Leit vun der Gewalt ofzebréngen. Et misst een de richtege Kader bidden, déi Jonk géifen sech jo an engem vulnerabelen Ofschnëtt vu Wuesstem a Verännerung befannen. An dat misst een ënnerstëtzen, ënner anerem duerch den Zesummenhalt am Sport.
Korrespondenz: Marie Billon
Text: Kevin Nilles
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.