An der EU stierwen all Joer 300.000 Dausend Leit un de Suitte vu knaschteger Loft.
D’EU-Kommissioun huet méi streng Grenzwäerter proposéiert. D’Ëmweltkommissioun hei am Europa-Parlament wëll méi wäit goen an déi Normen deenen upassen, déi och d’Weltgesondheetsorganisatioun virschléit.
Oppositioun vun de konservative Fraktiounen
Dat ass iwwerdriwwen, soen déi konservativ Fraktiounen, zu där och d’Europäesch Vollekspartei gehéiert. Den Däitschen CDU-Politiker Norbert Lins warnt virun "unrealistisch und drastischen Massnahmen", mat als Konsequenz "Fahrverbot und Fabrikschliessungen".
D’Loft an der EU wier gutt, stellt iwwerdeems säi Parteikolleeg Peter Liese fest,
“Sie ist zumindest in den letzten Jahren immer besser geworden"
Opwand a Käschten ofweien, ass dowéinst d’Fuerderung vun der EVP. Elo net ze handelen ass onverantwortlech, seet déi aner Säit.
Onkloer wéi de Vott ausgeet
De President vun der Ëmweltkommissioun, reprochéiert der Droite, si wielt mat hire Proposen d’Grenzwäerter esou guer erofsetzen.
"Pour atteindre des seuils qui sont plus bas que ceux que nous avons aujourd'hui, c’est l’inverse de l’ambition c’est la régression."
De Pascal Canfin, EU-Ëmwelt-Kommissär kënnt zeréck bei d’Chifferen. D’Zuel vun den Doudege wier an der EU effektiv vun enger Millioun pro Joer op 300.000 erofgaangen. Fir de Virginius Sinkevicius sinn dat 300.000 ze vill.
Doriwwer wéi wäit ee goe soll, gëtt am Parlament ofgestëmmt. Onkloer ass et, wéi et ausgeet.
An der Ëmweltkommissioun haten d’Sozialisten, déi Gréng, déi Lenk an déi grouss Majoritéit vun de Liberale fir méi streng Reegele gestëmmt, dogéint waren nieft der EVP, déi Europäesch Konservativ an déi extrem Riets “Identitéit an Demokratie” – Fraktioun.