Radioen

On air

Tockcity  |  Blue - My City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU-Naturschutzgesetz gouf gestëmmt, och Lëtzebuerg huet dofir gestëmmt

Ëmwelt- an Naturschutz

D'EU-Naturschutzgesetz gouf gestëmmt, och Lëtzebuerg huet dofir gestëmmt

D’EU-Staaten hunn de Wee fräi gemaach fir dat ëmstriddent Renaturéierungsgesetz. Domat soll bis 2030 20 Prozent vu Land a Gewässer a bis 2050 90 Prozent vun de Liewensraim renaturéiert ginn. Och Lëtzebuerg huet, wéi ugekënnegt, dofir gestëmmt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Rupert Oberhäuser | Rupert Oberhäuser

Kritik un dem Gesetz gouf et am Virfeld haaptsächlech vun de Baueren an aus de Reie vun de Konservative Parteien, gefaart gouf, datt d’Gesetz ze restriktiv fir d’Landwirtschaft an Europa wier.

Ëmweltschützer a Wëssenschaftler haten sech fir d’Gesetz agesat – 80 Prozent vun de Liewensraim an der EU sinn offiziellen Zuelen no an engem schlechten Zoustand. D’Gesetz gesäit och vir, datt wann eng Fläch bis renaturéiert ass, da muss sécher gestallt ginn, dass et net nees zu enger Verschlechterung kënnt. An 20 Deeg wäert d’Gesetz a Kraaft trieden.