Radioen

On air

Tockcity  |  Marc Almond - Gone With The Wind (Is My Love)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Rapport weist: Klimawandel gëtt och eng Gefor fir d'Gesondheet

Europäescher Ëmweltagence EEA

Neie Rapport weist: Klimawandel gëtt och eng Gefor fir d'Gesondheet

De Klimawandel gëtt ëmmer méi zu enger Bedroung fir d‘Gesondheet. Dat ass ee Constat an engem neie Rapport vun der europäescher Ëmweltagence EEA. Duerch de Klimawandel géifen et ëmmer méi Wiederextreemer ginn, an déi hätte schwéier gesondheetlech Konsequenze fir d‘Mënschen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Felipe Passolas
Foto: picture alliance/dpa | Felipe Passolas

Am Rapport, deen zu Kopenhagen presentéiert gouf, heescht et weider, datt duerch d‘Iwwerschwemmungen an Dréchenten, déi ëmmer méi zouhuelen, och d‘Waasserqualitéit ëmmer méi schlecht géif ginn. Krankheete géife sech doduerch méi séier verbreeden.

Déi europäesch Ëmweltagence fuerdert, datt méi séier misst gehandelt ginn, an datt d‘Länner sech besser koordinéiere missten.