Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Litauen: Sozialdemokrate gi stäerkste Kraaft

Parlementswalen

Litauen: Sozialdemokrate gi stäerkste Kraaft

A Litauen deit sech ee Muechtwiessel un. Beim éischten Tour vun de Parlamentswale gëschter goufen déi oppositionell Sozialdemokrate stäerkste Kraaft mat ronn 20 Prozent.

auto_stories

1 min

Walen | © picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz

Dat huet d‘Walkommissioun gëschter Owend matdeelt nodeems bal all d‘Walbezierker ausgezielt waren. Op déi zweet Plaz kënnt déi konservativ Vaterlandsunioun vun der Premier Ministerin Ingrida Simonyte, mat ronn 17 Prozent. Déi populistesch pro-russesch Partei Nemunas, déi fir d‘éischte Kéier ugetruede war, gëtt mat ronn 15 Prozent drëttstäerkst.

D‘Sozialdemokrate wëllen elo eng Koalitioun mat zwou lénke Parteie forméieren.

D‘Wieler:innen a Litauen hu gëschter iwwert 70 Parlamentssëtz nom proportionelle Walsystem decidéiert. An zwou Woche wäerte si och nach iwwert 71 Direktmandater ofstëmmen.

Litauen ass EU Member a gehéiert zur Nato. D‘Land grenzt un déi russesch Enklave Kaliningrad an u Belarus, en enken Alliéierte vu Moskau.