Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lifting fir déi Réimecher Esplanade

Grousse Chantier

Lifting fir déi Réimecher Esplanade

D'Aarbechten un der Réimecher Esplanade fänken haut un. Graff resuméiert gëtt dat ganzt Stéck laanscht d’Musel, vun der Gare routière ënnen op der Esplanade bis erop an den Ausgang vu Réimech frësch gemaach.

auto_stories

3 min

headphones

19 min

De Réimecher Buergermeeschter Jacques Sitz an de Gemengeningenieur Laurent Thiel | © Maurice Molitor play_arrow
De Réimecher Buergermeeschter Jacques Sitz an de Gemengeningenieur Laurent Thiel (Foto: Maurice Molitor)

Ugefaange gëtt nämlech op der Héicht vun de Caves Saint-Martin an enger éischter Phas bis erof bei de Wueswee. Dës Aarbechte sollen Enn 2026 fäerdeg ginn. An enger zweeter Phas kënnt dann d’Stéck vum Wueswee bis rof bei d'Muselbréck.

2007 goufen éischt Pläng fir dës Aarbechte gemaach, d'Frëschmaache vun der Esplanade war och zanterhier reegelméisseg Theema am Gemengewalkampf, seet den aktuelle Réimecher Buergermeeschter Jacques Sitz. Virun him ware mam Jeannot Belling (DP) a mam Henri Kox (déi Gréng) schonn zwee Buergermeeschtere mam Dossier befaasst. Dës Wiesselen an déi op nationalem Plang, hätten zum Deel dofir gesuergt, datt de Projet net éischter konnt ugefaange ginn.

Den initiale Budget geet net méi duer

Sécher ass, datt et net mat deene Sue wäert duergoen, déi um Ufank vum Projet virgesi gi sinn, well déi Budgete wieren ni ugepasst ginn, sou de Buergermeeschter. Hie rechent dowéinst och nach mat Diskussiounen ënner de bedeelegten Acteuren, also mam Staat a mat de Ponts et Chaussées. "D'Gemeng huet keng Gelddréckerei", sou de Jacques Sitz. An deem Kontext wieren och schonn eng Rei Entrevue geplangt.

Un der Grondstruktur vun der Esplanade wéilt d'Gemeng dobäi näischt änneren, seet de Jacques Sitz.

"Wéi mir ugetruede sinn, hu mir gesot, datt mir erëm gären eng Esplanade hätten, wéi se elo ausgesäit, well déi awer 50, 60 Joer ëmmer erëm Succès hat. Si ass ni aus der Moud komm an dat gesäit een nach haut. Soubal et net reent, sinn ëmmer masseg Leit hei. An dunn hu mer gesot, datt mir un der Grondstruktur vun der Esplanade u sech näischt wéilte geännert kréien. Et sollt ëmmer alles schéi flaach bleiwen. D'Leit solle kënne mat de Sonndesschonn do spadséiere goen."

Dräi Joer Chantier

Konkret gëtt d'Strooss erneiert, genee wéi d'Trottoiren, d'Leitungen am Buedem, de Kanal an d'Vëlospist laanscht d'Musel, seet de Laurent Thiel, hien ass de Gemengeningenieur. Fir de grousse Projet méiglechst einfach ze halen, wäert eng Firma ronn dräi Joer um Projet schaffen. D'Strooss soll iwwer déi ganz Zäit befuerbar bleiwen a mat intelligente Luuchte gereegelt ginn.

D'Aarbechte fir de konkreten Amenagement vun der Esplanade wieren amgaangen an hie wier optimistesch, datt dee Projet deemnächst kéint ausgeschriwwe ginn, sou datt éischt Aarbechten eventuell nach dëst Joer kéinten ufänken, seet de Jacques Sitz.

Den Héichwaasserschutz gëtt aktualiséiert

Och den Héichwaasserschutz soll aktualiséiert ginn, seet de Gemengen-Ingénieur. Déi geplangt Mesurë sollen een Héichwaasser zeréckhalen, wéi et all zéng Joer eng Kéier virkënnt, sou de Laurent Thiel. 

"Wann déi Däitsch d'Schleisen oploossen an d'Fransouse maachen och net ze vill op (...) da wäerte mir net ënnergoen, wann déi gutt oppassen."

Fir iwwer déi geplangten Aarbechten an d'Ännerungen ze informéieren, huet d'Gemeng och eng Informatiounsversammlung fir de Public fir Ufank Mäerz virgesinn, ee geneeën Datum steet awer nach net.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview