Radioen

On air

9 bis 1  |  Plains - Problem With It

play_arrow Live
search

/ Liewen op der ISS

Physik ass relax

Liewen op der ISS

Wéi lieft et sech 400 Kilometer iwwert der Äerduewerfläch op der ISS? Wéi geet ee mat der "Schwerelosegkeet" ëm? Wat sinn Erausfuerderungen un Astronauten an Auswierkungen un hire Kierper? Wéi ass et, wa si zeréckkommen?

auto_stories

1 min

headphones

21 min

play_arrow

Wéi lieft et sech 400 km iwwer der Äerduewerfläch an enger flotter Wunneng mat sechs Zëmmeren, zwee Buedzëmmeren an engem Fitnessstudio?
Dëst ass en Abléck an déi International Raumstatioun ISS (International Space Station), gläichzäiteg ass et och en top Fuerschungslaboratoire.

D'Raumstatioun ass elo 24 Joer am Ëmlaf ëm d'Äerd. Un d’Liewen an der "Schwerelosegkeet", muss ee sech upassen. Do ass keen Ënnen an Uewen.

Wéi entsteet dee besonneschen Zoustand? Wat sinn Erausfuerderungen un Astronauten an Auswierkungen un hire Kierper? Wéi ass et, wa si zeréckkommen? D'Äntwerte resuméiert d'Physikerin Carole Eicher.

Lauschterenplay_arrow