arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Lidder géint d’Vergiessen

Album vun der Woch

|
reading time

4 min

Lidder géint d’Vergiessen

Déi schottesch Indie-Rock-Band The Twilight Sad gëtt et elo zënter 20 Joer. Hirem Numm hu si schonn ëmmer Éier gemaach, an op hire Placken éischter déi méi melancholesch Säit vum Liewen erfuerscht, wat a priori villäicht éischter Charaktersaach ass.

reading time

4 min

Si deelen dës Tendenz mat hire Landsmänner Mogwai, der legendärer Post-Punk-Band vu Glasgow, déi si op hirem Label Rock Action ënnerbruecht hunn, a mat villen anere Bands an hirem Genre.

Wat ass besonnesch op hirem sechsten Album "It’s The Long Goodbye?"

D’Metaphere verschwannen, d’Texter si réi an direkt, gepräägt vun direkten Ausriff a Protestaktiounen: “No, I can’t let this happen to you / I won’t let this happen to you” héiere mir op “Designed to Lose”, dem zweeten Track op der knapp 50 Minutte laanger Scheif, déi net duerch Zoufall un The Cure hiert lescht Wierk “Songs of a Lost World”, eng Plack iwwer Verloscht an Trauer, erënnert.

Wouriwwer schwätzt de Sänger James Graham hei? Iwwer Erfarungen, déi lescht Joren a fragwürdege mentalen Zoustänn zu Pabeier bruecht huet. De Betreff: d’Demenz vu senger Mamm, déi de Fils gezwongen huet, ee laange, grujelegen Äddi ze verkraaften, an deem jiddwereen, deen e matgemaach huet, sech erkennen dierft, an deen duerch d’Papp-ginn nëmmen deels kompenséiert, an deels och verstäerkt gouf. 

Siwe Joer haten den James Graham an den Andy McFarlane, elo déi lescht bleiwend fest Membere vun der originaler Besetzung, Material geschriwwen a gesammelt, mee eréischt 2025, wou dem Graham seng Mamm verstuerwen ass, war et hinne méiglech, déi vag Fiedem vun der Trauer zu enger Plack zesummenzestrécken.

Ouer op, Jugement aus

Hëllef krute si dobäi aus enger ganz onerwaarter Richtung: Vum The Cure-Frontmann Robert Smith, deen d’Band 2016, no der Verëffentlechung vun hirer virleschter Plack, gefrot hat, mat op Tournée ze goen, an dat aus éierlecher Bewonnerung eraus. Ëmmerhin hu si zesummen am Madison Square Garden gespillt.

De Smith wollt d’Erfarung widderhuelen a war erféiert ze erfueren, a wéi engem Zoustand de Graham sech erëmfonnt huet. “Näischt vun all dësem ass wichteg, versuerg dech, “get better”, sollen de Smith an der Band hire Manager um Telefon gesot hunn.

An dësen Zäite war de Bandkolleeg Andy McFarlane dem Graham no wéi ee Papp. Ouer op, Jugement aus.

Vun deem Moment un hunn eng Rei Leit decidéiert, bei der neier Plack ze hëllefen. D’Lücken an der Bandbesetzung goufe bereetwëlleg vum of Arab Strap Drummer David Jeans a Mogwai hirem Tour-Bassist Alex Mackay gefëllt, zwee vun deene beschte schottesche Museker vum Moment.

An de Robert Smith huet decidéiert, dem Kreatiounsprozess e bëssen op d’Spréng ze hëllefen. Fir déi éischt Demoe soll hien eng Lëscht mat Commentairen a Recommandatiounen zu all Song aus sengem Rucksak gezunn hunn, an op zwee Songs spillt hie mat Gittar op “Answering the Phone Call” a Keyboards op ausgesichte Plazen.

Keng Therapiesessioun a keng Schwaarzmolerei

D’Resultat vun dëser extreem beréierender Enstéiungsgeschicht ass eng extreem beréierend Plack. Schonn ëmmer hunn The Twilight Sad et bal wéi duerch Magie fäerdegbruecht, Post-Punk ze spillen, ouni ze vill un déi allgemeng vereréiert Virbiller vum Genre ze erënneren, ouni Joy Division ze emuléieren, wéi ee bekannt Museksblog et spatz formuléiert huet.

Op “It’s The Long Goodbye” trëtt hire Côté Leonard Cohen, fréier hanner Industrial-Influenzen an opgehollene Feierläscher vergruewen, méi staark ervir, dem McFarlane seng Shoegazing-Gittare stinn erëm am Vierdergrond, an d’Songs entwéckele sech an engem Tempo, dee sech natierlech aus hinnen ergëtt.

Et gëtt hei keng affektéiert Attitüd vun Endzäitstëmmung, kee moudeschen Zynismus, kee styliséierte Weltschmäerz méi. Mee och keng Therapiesessioun a keng Schwaarzmolerei.

Eng staark, mee kontrolléiert Stëmm

Nach méi stolz wéi op dës Plack wier hien, datt hie sengen zwee Kanner konnt ee gudde Papp sinn, trotz der Däischtert am Kapp an am Häerz, esou de Graham. Dat mécht dës Plack op eng Manéier och hoffnungsvoll. 

D’Produktioun an de Sound, vum Graham selwer gezeechent, si voll, mee net grandios, substantiell, mee net opgeblosen. Seng eege Stëmm ass de Schlëssel: Staark, mee kontrolléiert.

Fazit: Eng modern Postpunk Plack, där hir Éierlechkeet ni brutal gëtt, déi mat Tracks wéi “Attempt at a Crash Landing” Otempausen accordéiert, a mat “Chest Wound To The Chest” och der Band hiren deels “industrielle” Passé net verleegent. Ee kënschtleresche Succès.