Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lex Delles: Nei Mesuren "e weidert Puzzlestéck", mee keng Solutioun

Kris am Bausecteur

Lex Delles: Nei Mesuren "e weidert Puzzlestéck", mee keng Solutioun

D’Regierung huet haut um Mëttwoch verschidden Deeler vun der Baubranche als Branchen an der Kris erkläert. Dem Wirtschaftsminister Lex Delles no sinn d’Mesuren, déi haut geholl goufen, fir datt de Bausecteur iwwert “déi schwieregst Momenter kann ewechkommen”, just ee Puzzlestéck.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Lex Delles | © SIP / Emmanuel Claude play_arrow
Foto: SIP / Emmanuel Claude

Nieft dëse Mesurë fir d’Bauhandwierk bräicht et nämlech nach anerer, wéi de Lex Delles am 100,7-Interview sot. An den zwee Deelberäicher Bau vu Residencen an Net-Residencen, respektiv Demolitioun a Preparatioun vu Sitte, kéinte maximal 20 Prozent vun de Salariéen, déi op engem Chantier schaffen, an de Chômage partiel gesat ginn. Dës Mesure gëllt elo Mol bis de Summer, also fir sechs Méint.

“Et ass awer sou, datt dat e weidert Puzzlestéck ass. Et ass sou, datt dat keng Solutioun ass. Mir soen, hei ass konjunkturell ee Problem am Bausecteur. Et gëtt näischt Neies méi gebaut, dofir och déi doten zwee Deeler, déi prinzipiell eligibel sinn. Et ass sou, datt de Génie civil deen Deel kann individuell Demandë maachen, an do gëtt individuell, Betrib fir Betrib, da gekuckt, am Kader vum Comité de conjoncture.”

Fir de Wirtschaftsminister wier awer all Euro, deen an de Chômage partiel fléisst, besser an Investissementer gestach.

Dem Lex Delles seng Aussoplay_arrow

Fédération des Artisans: Chômage partiel eng Zort Präbbeli

De Patrick Koehnen vun der Fédération des Artisans huet sengersäits - iwwert déi ugekënnegt temporär Steiermesuren eraus - d’Mesurë vun haut fir dës zwee Deeler vun der Constructioun begréisst.

“...wuelwëssend, datt awer elo de Betrib net Demandeur ass, fir Chômage partiel ze maachen: Dee wëll einfach schaffen. Dat heescht de Chômage partiel, sou gesi mir et, dat ass elo eng Zort Präbbeli, wann d’Situatioun wierklech déi ass, datt de Betrib seng Leit net méi zu 100 Prozent beschäftegt kritt, da kann ee begrenzt op de Chômage partiel zeréckgräifen.”

Et wier ze kucken, datt d’Spillreegelen agehale ginn, iwwer Kontrolle vun der ITM an der ADEM. De Patrick Koehnen huet nach vum klenge Bemol geschwat, datt de Génie civil souzesoen net mat ënnert de Präbbeli koum: Och wann e manner impactéiert wier, wier en awer impactéiert.

D’Betriber géifen och net op Chômage partiel zeréckgräifen, wa se en net bräichten. Et wir awer gutt, dat kënnen ze maachen, wann en da géif gebraucht ginn.

D'Ausso vum Patrick Koehneplay_arrow

 

 

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft