Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fënnt Lëtzebuerg dëst Joer den Auswee aus der Logementskris?

Ausbléck op d'Logementspolitik 2024

Fënnt Lëtzebuerg dëst Joer den Auswee aus der Logementskris?

​​​​​​​2023 ass d‘Zuel vun neie Bauprojeten agebrach. Fir datt nees méi gebaut gëtt, wëllt d‘Regierung sou séier wéi méiglech nei steierlech Avantagë fir Immobilieninvesissteuren aféieren. Mee dat eleng léist d‘Logementskris net.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

© Jo Diseviscourt, Fotoen: European Union, Unsplash play_arrow
De Luc Frieden wëllt am Logement keng Grondsazdebatt féieren. (Ilustratioun: Jo Diseviscourt)

Mat enger “nationaler Logementsreunioun” wëll déi schwaarz-blo Regierung d’Wunnengsbaukris an de Grëff kréien. Wat ass vun där Reunioun ze erwaarden? A fënnt Lëtzebuerg endlech een Auswee aus deem éiwege Logementsproblem?

Fir een Auswee aus deem Problem ze fannen, kann op zwou Fronten agéiert ginn, seet de Julien Licheron vum Observatoire de l’Habitat. Konjunkturell Mesuren engersäits, fir datt trotz héijen Zënstauxen nees nei Logementer gebaut ginn. An anerersäits: Strukturell Mesuren, fir datt d’Offer vu Logementer laangfristeg klëmmt. Wa béides geléngt, kéint et dëst Joer an doriwwer eraus besser lafe wéi 2023, wou d’Zuel vun neie Bauprojete agebrach ass.

J. Licheron: D'Demande kuerzfristeg ënnerstëtze ka Sënn maachen

Déi konjunkturell Mesüren hunn am Regierungsprogramm vun CSV an DP Prioritéit. De Premier Luc Frieden huet Enn November an der Chamber erkläert, wat elo méiglechst séier soll ëmgesat ginn. Esou soll den Taux vum amortissement accéléré erhéijt ginn, d’Besteireung vun der Plus-value soll erofgesat, en neie Steierkreditt „Bëllegen Akt“ agefouert an d‘Ofschreiwungsméiglechkeet fir Scholdzënsen erhéijt ginn.

D’Demande ënnerstëtze kann am Kontext vun den héijen Zënstauxe kuerzfristeg an zäitlech begrenzt Sënn maachen, seet de Julien Licheron vum Observatoire de l’Habitat. D’Erfarung weist awer, datt steierlech Avantagë fir de Kaf vu Logementer laangfristeg wéineg bréngen: soulaang d’Offer net klëmmt, gi just d’Präisser an d’Luucht gedriwwen. An op déi wéineg nohalteg Präisentwécklung vu virun 2022 sollt een net zréck kommen, warnt de Julien Licheron.

Eng multi-faktoriell Léisung

Am Géigendeel, wier een Deel vun der Léisung wuel, datt d’Immobiliepräisser noginn, mengt de Julien Licheron. Sënnvoll wier och, wann de Staat an d’Gemenge weiderhi privat Bauprojete géifen opkafen. A fir d’Dynamik am Secteur wier dann natierlech och d’Entwécklung vun den Zënstauxe wichteg.

“On sait que la trajectoire des taux, elle n’est plus trop orientée à la hausse. C’est déjà un élément positif. Donc si on met bout à bout l’ajustement qu’on a eu sur les prix plus une plus grande lisibilité dans les taux, ça peut déjà avoir un effet interessant sur la demande.”

De Kär vum Problem adresséiert d'Regierung net

Op der Agenda vun der Regierung stinn elo fir de Joresufank bilateral Treffe mat den Acteuren aus der Baubranche a vun de Gemengen. Viraussiichtlech am Februar ass dann déi national Logementsreunioun am grousse Krees. Eng Grondsazdebatt ass hei net erwënscht, huet de Luc Frieden am Dezember am 100,7-Interview kloer gestallt.

“Dat ass net eng Reunioun, nach jiddwereen zousätzlech Fuerderunge soll bréngen. Mir wëlle lo mol déi Decisiounen, déi mer geholl hunn, zu Senneng beim Koalitiounsaccord ëmsetzen.“

D’Prozeduren acceleréieren, domat geet d’Regierung och gären ee méi strukturellen Aspekt vun der Logementsproblematik un. Ouni awer de Kär vum Problem ze adresséieren. 85 Prozent vum Bauterrain op deem Wunnenge kënnen entstoen, ass a privater Hand: An d’Proprietairen halen dës Terrainen zréck, esou de Julien Licheron vum Observatoire de l’habitat.

“Au Luxembourg on a quand-même de grandes réserves foncières, y compris dans des zones qui sont déjà destinés à l’habitation dans les PAG des communes. La difficulté c’est que ce foncier est aux mains de propriétaires privés essentiellement qui n’ont pas ou très peu d’incitations à mettre sur le marché ou à mettre en construction.”

D’Reform vun der Grondsteier an d’Aféiere vun enger Mobiliséierungssteier op Bauterrainen – dat alles steet am Regierungsprogramm. An der Regierungserklärung huet de Premier Luc Frieden dës Mesuren awer net ernimmt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft