D‘Hausse ëm iwwer 50 Prozent vun der Photovoltaikproduktioun hätt am meeschten dozou bäigedroen heescht et am Rapport vum Regulatiounsinstitut. Dem ILR no hätten dann och dräi Véierel vun de Stéit, déi nei Photovoltaikanlagen installéiert hunn, sech d‘lescht Joer dofir decidéiert, hire Stroum selwer ze benotzen an net an de Reseau ze speisen. 2021 waren et der knapp 15%.
Allgemeng ass d‘Consommatioun vum Stroum zejoert ëm dräi Prozent zeréckgaangen. Beim Gas ass et eng Baisse vun 21 Prozent.