search

/ Lëtzebuergesch Leeschtung bei den olympesche Wanterspiller "absolutt héichwäerteg"

Slalom a Riseslalom

|
headphones

1 min

Lëtzebuergesch Leeschtung bei den olympesche Wanterspiller "absolutt héichwäerteg"

An der Hallschent vun den Olympesche Wanterspiller an Italien kéinten d’Lëtzebuerger “ganz zefridde si” mat hire Resultater. Dat sot de Raymond Conzemius, techneschen Direkter vum COSL a Missiounschef bei de Spiller am 100,7-Interview.

headphones

1 min

Matthieu Osch beim Riseslalom | © EPA/ANNA SZILAGYI
Matthieu Osch beim Riseslalom (Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

De Matthieu Osch hätt och am Riseslalom eng Placéierung gehat vu 46. vun 81, déi absolut héichwäerteg wier, esou de Raymond Conzemius. Dat obwuel de Riseslalom net seng „Paradedisziplin“ wier.

"An dann natierlech gëschter d’Gwyneth Ten Raa wat am Riseslalom, a senger Haaptdisziplin, dann awer, muss ee soen, 30. ginn ass vu 76 Konkurrentinnen, also sou just um Ufank vum zweeten Drëttel gelant."

Plaz an éischter Hallschent fir Matthieu Osch méiglech

Och dat wier eng Héichleeschtung, an d‘Zil gewiescht esou de Raymond Conzemius. Esou Ziler géif ee sech dacks ze héich setzen. Wann een déi dann erreecht, dierft dat och geéiert ginn.

Am Häreslalom, haut um Méindeg, wier eng Plaz an der éischter Hallschent vum Matthieu Osch top, a vläicht kéint hien och un d’Top 30 erukommen, huet de Raymond Conzemius nach gemengt. No der éischter Manche vum Méindegmoie gesäit et dono aus. De Matthieu hat sech am spéide Moien als 28. fir déi zweet Manche vum Hären-Slalom qualifizéiert. De Lëtzebuerger war am 1. Duerchgank ronn 8 Sekonne méi lues wéi den Norweger Atle McGrath, deen am séiersten ënnerwee war.

Den zweeten Duerchgank fänkt um 13:30 Auer un.