Radioen

On air

Notturno  |  Elora - Embers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger an Israel: Eng gréisser Grupp soll mëttwochs erëmkommen

Ausso vum Jean Asselborn

Lëtzebuerger an Israel: Eng gréisser Grupp soll mëttwochs erëmkommen

De Lëtzebuerger Ausseministère sot eis op Nofro hin, et wiere 47 Lëtzebuerger an Israel, déi sech bei der Lëtzebuerger Assistance Consulaire gemellt hätten. Déi Zuel géif evoluéieren.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

De Jean Asselbornplay_arrow

 Den Ausseminister Jean Asselborn bezweifelt eng gewaltfräi Deseskalatioun. Hien schwätzt vun engem laangen organiséierten Terror Akt. Zu de Lëtzebuerger Awunner op der Plaz erkläert hien, datt och Leit dobäi sinn, déi an Israel wunnen. Mee net nëmmen.

"Et si Reesgruppen derbäi. Mir hu vu Samschden un deene Leit, Touristen, also Lëtzebuerger Residenten, hu mir en contact gesat mat der belscher Ambassade an dee Kontakt huet och geklappt. Déi Leit sinn, sou vill wéi mir elo wëssen, alleguerten an Hotellen, wou se a Sécherheet sinn, an si hunn alleguerten och gesot kritt, datt se sech natierlech mussen un d'Instruktioun vum Militär halen an  Israel. Wat  lo d’Réckflich ugeet, dat wësse mir lo nach net. Eng gréisser Grupp sollt de Mëttwoch erëmkommen.”

Falls mat Rapatriementer Problemer wieren, bestätegt de Jean Asselborn de Kontakt mat de belschen Autoritéiten an d’Méiglechkeet, déi zesummen ze organiséieren.