D‘Charlotte Bettendorf hat am Laf vun dësem Joer dräimol d‘Prozedure vun der Lëtzebuerger Antidoping-Agence net respektéiert, schreift RTL. D'Urteel wier awer nach net definitiv, well d'Charlotte Bettendorf nach an Appell géing goen.
En änleche Fall gouf et virun zéng Deeg. Do hat d‘ALAD an engem Schreiwes matgedeelt, datt de Lëtzebuerger Triathlet Bob Haller wéinst 3 prozedurale Feeler bei den Doppingkontrolle fir 12 Méint suspendéiert géing ginn. De Bob Haller hat awer just virun där Annonce scho matgedeelt, datt hie seng sportlech Karriär no 16 Joer géing un den Nol hänken.