Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrizia van der Weken gewënnt Bronze am 60 Meter 

Indoor Europameeschterschaft 

Patrizia van der Weken gewënnt Bronze am 60 Meter 

An der Finall de Sonndeg zu Apeldoorn an Holland huet d'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer hiren nationale Rekord aus den Halleffinallen egaliséiert, mat enger Zäit vu 7 Sekonnen a 6 Honnertstel.

auto_stories

1 min

Patricia van der Weken,  Zaynab Dosso a Mujinga Kambundji | ©  picture alliance / BILDBYRÅN | JOEL MARKLUND
Patricia van der Weken,  Zaynab Dosso a Mujinga Kambundji (Foto: picture alliance / BILDBYRÅN | JOEL MARKLUND)

Si stoung domat als Drëtt um Podium. Nei Europameeschterin am 60 Meter gouf d'Italieenerin Zaynab Dosso, d'Schwäizerin Mujinga Kambundji krut d'Sëlwer Medail.

D'Bronze Medail fir d'Patrizia van der Weken ass eréischt déi zweete Kéier, datt e Lëtzebuerger Athleet oder Athleetin bei enger Europameeschterschaft eng Medail krut. 

Den David Fiegen hat bei der EM 2006 dobaussen zu Göteborg a Schwede Sëlwer iwwer 800 Meter gewonnen.