D'Koppel hat tëschent 2018 an 2022 zweemol Bronze bei enger EM an eemol Bronze bei enger WM gewonnen. Bei de Weltmeeschterschaften am Mee a Katar trieden de Nutte/Ni awer net zesummen un, well d'Sarah de Nutte do mat enger ungarescher Spillerin gemellt ass.
Am Lëtzebuerger Dëschtennis heescht et, eisen Informatiounen no, d'Ni Xia Lian wéilt net méi mat der Sarah de Nutte spillen. De Grond dofir wier, datt d'Kritik vun der Sarah de Nutte zu Paräis vun der gebierteger Chineesin als Kritik un hirem Mann, dem Trainer Tommy Danielsson, opgeholl gi wier.
Ni Xia Lian setzt op de Simpel an den Dubbel mixte
Den nach President André Hartmann a säin designéierte Successeur an aktuelle Vizepresident Charel Müller confirméieren, datt d'Sarah de Nutte zu Doha op der WM mat der Ungarin Georgina Pota am Dammendubbel spillt. Dat hätt mam Duo senger staarker Leeschtung bei der Europameeschterschaft ze dinn, bei där e bis an d'Véierelsfinall koum a mat enger entspriechender Demande vun der ungarescher Federatioun.
D'Ni Xia Lian géif sech iwwerdeems virun allem op de Simpel an op den Dubbel mixte mam Luka Mladenovic konzentréieren. Déi haut 61 Joer al Spillerin géif an deenen zwou Disziplinnen, d’selwecht wéi d'FLTT-Traineren, eng grouss Qualifikatiounschance fir d'Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles gesinn.
Dammendubbel net olympesch
Woubäi d'Ni Xia Lian bei der Ouverture vun deene Spiller da 65 Joer hätt an een u sech beim COSL no de Spiller vu Paräis dovun ausgaange war, datt nieft der Cyclistin Christine Majerus an dem Liichtathleet Bob Bertemes eeben och d'Dëschtennisspillerin net méi a Kalifornien dobäi wier. Egal wéi wier den Dammendubbel den Abléck just déi 3. Prioritéit vun der Ni Xia Lian, heescht et vu Säite vun der FLTT-Spëtzt.
Dobäi kéim, datt den Dammendubbel net olympesch ass. Dat wier elo mol de Farplang bis no der WM a Katar; an der Suite dovu géif dann en neien opgestallt ginn. E Prioritéitewiessel kéint et da ginn, schreiwen den André Hartmann an de Charel Müller, sollten den Internationalen Olympesche Comité oder d'International Dëschtennis-Federatioun decidéieren, datt den Dammendubbel zur Competitioun bei Olympia géif ginn.
Op d'Fro hin, ob e méiglecht Enn vum Dubbel de Nutte/Ni net eng Decisioun zum Nodeel vun der FLTT wier, heescht et, d'Federatioun géif alles dem Zil ënneruerdnen, optimal Resultater ze erreechen. A perséinlech Wënsch vun de Sportler:inne géifen dobäi eng zentral Roll spillen!