Radioen

On air

Notturno  |  Nicholas Krgovich - Bedlam

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler hu gewise wat se drop hunn

Sport

Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler hu gewise wat se drop hunn

Spiller vun de klenge Länner, Tour de France, Cyclo Cross Weltcup bei den Dammen an d'Qualifikatiounsronn fir d'Schlussphase vun der Fussball-Europameeschterschaft. A ville Competitiounen hunn déi Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen 2023 bewise wat se drop hunn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D'Marie Schreiber. | © picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS/Hilger play_arrow
D'Marie Schreiber. (Foto: picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS/Hilger)

Sou eppes wéi eng Mini-Olympiade sinn d’Spiller vun de klenge Länner déi am Mee zu Malta iwwer d’Bün goungen. Ëmmerhi 66 Medailen si fir déi Lëtzebuerger Sportler-a Sportlerinnen eraus gesprongen.

Bei den European Team Championships am Juni a Polen realiséiert déi Lëtzebuerger Sprinterin Patrizia Van der Weken dee sechstbeschte Chrono an Europa iwwer 100 Meter. Dat an enger Zäit vun 11,02 Sekonne wat och en neie Lëtzebuerger Rekord bedeit.

Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft?

D’Leeschtung vum Joer ass awer wuel d’Europameeschterschafts-Campagne vun eiser Fussball-Nationalequipe déi sech ëm een Hoer direkt fir d’Finalronn an Däitschland hätt kënne qualifizéieren. Et bleift ëmmer nach eng theoretesch Chance wa Lëtzebuerg den 21. Mäerz a Georgien an de Playoffs muss untrieden.

Am Fall vun enger Victoire steet dann nach eng Partie géint Griicheland oder de Kasachstan um Programm. Historesch ass eleng schonn de Qualifikatiounswee dohinne. An der ganzer Campagne gouf et fënnef Victoiren, zwee Remisen an dräi Néierlagen. um Enn sti 17 Punkten an 13 markéiert Goler um Konto vun de Roude Léiwen.

Manner Succès am Tour de France

Kee bleiwenden Androck aus Lëtzebuerger Siicht huet déi 110. Editioun vum Tour de France gebueden. Déi dräi Lëtzebuerger Coureure Kevin Geniets, Bob Jungels an Alex Kirsch bleiwen hannert den Erwaardungen. De Bob Jungels gëtt 26. mat engem Retard vu knapp zwou Stonnen. De Kevin Geniets klasséiert sech als 41. an de Lëtzebuerger Champion Alex Kirsch lant ofgeschloen op der 115. Plaz.

Cyclocross an Tennis

Besser ënnerwee war do d’Marie Schreiber am Cyclocross, zu Pont Chateau a Frankräich gëtt si Vize-Europameeschterin bei den U-23. D’Sportlerin hat virdru scho bei de Weltcup Coursen exzellent Resultater geliwwert.

Am Tennis ka Lëtzebuerg nees dervun dreemen an d’Davis Cup Weltgrupp 1 opzesteigen. Am Februar gouf et zu Esch eng 4-1 Victoire géint Südafrika. Am September du gouf Slowenie mat 3-2 geklappt.

Lauschterenplay_arrow