arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Optrëtt haut den Owend: D'Chance op d'Finall gëtt als geréng agestuuft

Eurovision Song Contest

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Lëtzebuerger Optrëtt haut den Owend: D'Chance op d'Finall gëtt als geréng agestuuft

Mam Lidd “Mother Nature” wäert den Owend déi 20 Joer al Sängerin Eva Marija de Grand-Duché an der zweeter Halleffinall vertrieden. Hir Chancen sinn nach ongewëss. Nëmmen 10 vu 15 Länner wäerten an déi nächst Ronn kommen.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Eva Marija bei de Prouwen | © EPA/HANNIBAL HANSCHKE
Eva Marija bei de Prouwen (Foto: EPA/HANNIBAL HANSCHKE)

Wann een den offizielle Wett-Bureaue gleeft, dann huet Lëtzebuerg net all ze gutt Chancë fir an d’Finall ze kommen. Dës Prognose sinn natierlech mat Virsiicht ze genéissen, mee dem Portal “Eurovisionworld” no, deen d’Quote vu verschiddenen offizielle Bookmarkers resüméiert, kënnt Lëtzebuerg, Stand Mëttwochowend, mat nëmmen enger Warscheinlechkeet vu 35 Prozent an d’Finall.

Zu de Favoritte gehéieren dann ënner anerem Dänemark an Australien. Ma d'Erfarunge weisen: d’Show kann nach vill änneren.

Just d'Eva Marija an hir Gei

Op hirem Optrëtt wäert d’Eva Marija ganz eleng op der Bün stoen a sangen. Domat ass si eng vun de wéinege Kënschtler:innen dëst Joer, déi ganz ouni Dänzer:innen oder Background-Sänger:innen un hirer Säit optrieden.

Eva Marija | © Sophie Schroeder
Eva Marija (Foto: Sophie Schroeder)

Nëmme si an hier Gei, déi d’Eva Marija awer net live spille wäert, well um ESC bis op de Gesang alles Playback ass. An awer kruten d’Vertrieder:inne vu Finland dëst Joer dofir eng Erlabnis, och si triede mat enger Gei op an dierfen no e puer Diskussiounen dës och live spillen.

D’Eva Marija hofft fir d’Zukunft op méi live Instrumenter op der ESC-Bühn.

"Ech gesinn dat och als méiglech nei Dieren déi fir d’Zukunft opginn. Ech hoffe wierklech, datt mir iergendwann all als Museker déi Méiglechkeet kréien, live ze spillen, well natierlech wëlls du live spillen. Du drécks dech mat deem Instrument jo aus." 

Demonstratioune géint d'Partizipatioun vun Israel

Eng 10.000 Spectateuren wäerten an der Wiener Stadthalle dobäi sinn. Nieft de Fans kommen awer och Kritiker:innen zesummen. Fir de Freiden ass eng Géigemanifestatioun zu der Eurovisioun ënner dem Titel “Song Protest” geplangt, an och fir e Samschdeg, um Dag vun der Finall, ass eng Protestaktioun mat 3.000 Participanten ugekënnegt. Béid fuerderen den Ausschloss vun Israel.

Och d’Sécherheetsmesuren uechter Wien goufe verschäerft.

Ënner anerem gëlle streng Reegele wat d’Matbrénge vu Fändelen an d’Arena ugeet.

Erlaabt sinn nëmme Fändelen déi aus engem feierfeste Stoff sinn. Ausserdeem huet d’Stad Wien d’Policepresenz fir dës ganz Woch erhéicht.

Anescht wéi nach d’lescht Joer decidéiert net méi exklusiv de Public, wien an de Semi-Finalle weiderkënnt, mee zur Hallschent och e Jury. Dat dierft d’Prognosen nach méi ongewëss maachen.

D'Bün | © Sophie Schroeder
D'Bün (Foto: Sophie Schroeder)

play_arrow Lauschteren