Bal dräi Véierel vun den Offäll, déi hei am Land an der schwaarzer Poubelle landen, gehéieren u sech net doran. Also zum Beispill Pabeier, Plastik a Biooffäll. Dat geet aus der neitster nationaler Reschtoffall-Analys vun de Joren 2024 an 2025 ervir.
An der Moyenne géif een Awunner pro Joer 154 Kilo Offall an déi schwaarz Poubelle geheien, wat 9 Kilo manner sinn, wéi nach bei der leschter Analys aus de Joren 2020 an 2021. An awer hätt nach ëmmer ee groussen Deel dovu kënnen evitéiert oder recycléiert ginn.
Nach Loft no uewen, wat EU-Virgabe betrëfft
Eleng d’Biooffäll géife wäit iwwer engem Drëttel vun den Déchets ménagers ausmaachen. Dorënner vill Liewensmëttel, déi u sech nach gutt waren. Den Undeel u Verpackungen aus Pabeier a Plastik, déi an der schwaarzer Poubelle gelant ass, ass da liicht zeréckgaangen. Virun allem wier den Undeel u Pabeiertuten zënter der leschter Analys staark geklommen.
Ënner anerem beim Recycléiere vun de Plastiksfläschen an de Béchse géif et nach Loft no uewe ginn, wat d’EU-Virgaben ugeet, esou den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes.
"Do musse mir kuerzfristeg een Taux de collecte vun 80 Prozent a mëttelfristeg ee vun 90 Prozent erreechen. An d'Zuelen aus dem Joer 2024, déi weisen, datt mir bei de Plastiksfläsche bei 77 Prozent Taux de collecte sinn a bei de Béchse bei 43 Prozent leien."
Beim allgemengen Taux de recyclage géif Lëtzebuerg awer gutt do stoen. D’Zil vu 55 Prozent géif de Grand-Duché bis elo erreechen, heescht et nach vun der Ëmweltverwaltung.
Prinzip "Pollueur-Payeur" funktionéiert
De Serge Wilmes setzt beim Recyclage op weider Sensibiliséierung an de Gemengen. De Pollueur-Payeur-Prinzip wier effikass, wat déi Gemengen, déi mat engem Taxe-System schaffen, scho gewisen hätten, esou nach den Ëmweltminister.
"Déi op e System gaange sinn, wou se d'Gewiicht vun de Poubelle moossen, weien, datt déi am Duerchschnëtt ronn 27 Kilo Offall am Joer manner produzéieren."
Fir dës Analys goufe 15,6 Tonnen Offäll aus de schwaarze Poubellë vun am ganze 15 Gemengen ënnersicht.
Sensibiliséierung néideg
Wichteg wier, datt a Saache Recyclage weider sensibiliséiert gëtt, wat dem Ëmweltminister Serge Wilmes no eng Aufgab vun de Gemenge wier.
"E wichtegt Instrument, fir datt mir an de Gemengen, eis Matbierger a Matbiergerinnen dozou kréien, méi ze recycléieren, Offall ze vermeiden, sinn natierlech d'Taxereglementer, déi Incentiver ginn, fir manner ewechzegeheien oder wa schonn dat richteg ze trennen."