arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Loftqualitéit: Efforten an der Landwirtschaft an am Stroosseverkéier néideg

Ëmwelt

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Loftqualitéit: Efforten an der Landwirtschaft an am Stroosseverkéier néideg

D’Loftqualitéit zu Lëtzebuerg verbessert sech: Dat confirméieren nei Zuelen, déi den CSV-Ëmweltminister. Eng Rei Ziler, déi 2030 missten erreecht ginn, sinn haut schonn am Grëff, heescht et an der Äntwert vum Minister op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Joëlle Welfring.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
(Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

Fir d’Loft nach méi propper ze kréien, mussen d’Efforte virun allem an der Landwirtschaft an am Stroosseverkéier awer nach verstäerkt ginn. 

Fir de Schutz vun der mënschlecher Gesondheet leet eng nei EU-Direktiv méi streng Limitte fir eng Rei Schuedstoffer fest, déi vun 2030 u gëllen. Lëtzebuerg wier schonn haut an der Lag déi meeschte vun den zukünftegen Exigenzen ze respektéieren, schreift den Ëmweltminister Serge Wilmes. Eng Ausnam wiere verschidde Plaze mat vill Verkéier, op deenen et ze héich Stéckstoffdioxid-Belaaschtunge ginn.

Ziler bei rengem Stëbs a Schwiefeldioxid schonn erreecht

Nei Zuele weisen, datt et zënter dem Joer 1990 bei den Haaptbelaaschtungen hei am Land generell konsequent Reduktioune goufen, esou de Minister Serge Wilmes. 2024 wieren d’Reduktiounsziler bis 2030 bei zum Beispill rengem Stëbs oder Schwiefeldioxid schonn erreecht ginn.

Net awer déi beim Ammoniak, dee virun allem aus der Landwirtschaft kënnt. Hei wieren zousätzlech Reduktiounen néideg, déi duerch d’Ëmsetze vum nationale Programm géint Pollutioun sollen erreecht ginn.

Fréizäiteg Doudesfäll wéinst rengem Stëbs staark zeréckgaangen

Zënter 2005 hätt et hei am Land eng Baisse vun de fréizäitegen Doudesfäll wéinst der Loftverschmotzung ginn, schreift den Ëmweltminister Serge Wilmes op Basis vun Zuele vun der europäescher Ëmwelt-Agence. De Projektiounen no, soll dës Tendenz bis 2030 viru goen. Wat de renge Stëbs ugeet, wier d’Zuel vun de fréizäitegen Doudesfäll tëschent 2005 an 2022 ëm ronn 70 Prozent zeréckgaangen.

 

play_arrow Lauschteren