Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Lëtzebuerg mécht Realpolitik”

EU-ASYLPOLITIK

“Lëtzebuerg mécht Realpolitik”

Déi nei Lëtzebuerger Regierung wäert an den Diskussioune ronderëm d’Reform vun der EU-Asylpolitik keng aner Positioune wéi déi virdru vertrieden, sou de Léon Gloden. Den neie Lëtzebuerger Inneminister, deen op EU-Niveau zoustänneg fir Migratioun ass, hat säin éischten Optrëtt zu Bréissel.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© European Union play_arrow
De Léon Gloden hat säin éischten Optrëtt zu Bréissel. (Foto: European Union)

De Léon Gloden hat en Dënschdeg seng éischt Reunioun op EU-Niveau. Hie wier frëndlech empfaange ginn, sou den CSV-Politiker.

“Den Accueil war gutt. Ech hu festgestallt, datt mir déi selwecht Sprooch schwätzen.”

Méi ee staarken Accent op de Grenzschutz

D’Baussegrenze besser schützen: dat gëtt am Koalitiounsprogramm extra betount. Een neien Toun fir eng Lëtzebuerger Regierung?

“Ech brauch eng effikass Iwwerwaachung a Kontroll vun de Baussegrenzen. Ech hunn dat kloer an däitlech a menger éischter Interventioun gesot: Schengen ass ee vun de ganz groussen Acquise vun Europa. Mir brauchen deen Acquis. Dat heescht awer och, datt mir d’Baussegrenze vum Schengen-Raum besser schützen.”

Retourpolitik: Police opstocke

D’Regierung schléisst net komplett aus de Fanger ze hiewen, wann et an Zukunft drëm geet, Flüchtlingen, déi zum Beispill vun engem Rettungsschëff an der EU kommen, opgedeelt ginn.

“Mir hunn am Koalitiounsaccord stoen, datt mir dat au cas par cas kucken, an dat wäerte mir och maachen.”

Wat d’Retouren ugeet hätt hien no den Diskussioune mat de Kolleege verstanen, datt een zu Lëtzebuerg bei der Police opstocke muss, fir do méi effikass ze ginn.

EU-Asyl-System: Accord nach viru Chrëschtdag?

Parlament a Memberlänner sinn am gaangen iwwer d’Reform vum Asylsystem ze diskutéieren. Gestridde gëtt ënner anerem driwwer, ob och Mineuren a Famille mat Kanner dierften op de Grenze festgehale ginn. D’Parlament ass dogéint, Lëtzebuerg bleift do och derbäi.

“Do bleiwe mir bei der Positioun vu mengem Virgänger, datt mir dat net wëllen.”

Hien wier zouversiichtlech, datt viru Chrëschtdag een Accord fonnt gëtt, sou och nach de Minister. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik
Politik a Gesellschaft