arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg ënner EU-Duerchschnëtt bei Verkéiersdoudegen

Mobilitéit

|
headphones

1 min

Lëtzebuerg ënner EU-Duerchschnëtt bei Verkéiersdoudegen

An der EU sinn zejoert bal 20.000 Mënschen am Verkéier ëm d‘Liewe komm. Dat sinn 12 Prozent manner, wéi nach 2019. Dat geet aus engem Rapport vun der EU-Kommissioun ervir.

headphones

1 min

Illustratioun: Berufsverkéier | © picture alliance / dpa | Matthias Balk
Illustratioun: Berufsverkéier (Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

D‘EU hat sech d‘Zil gesat, bis 2030 d‘Zuel u Verkéiersdoudegen ze hallwéieren. 

Et géif een zwar Fortschrëtter feststellen, den Tempo geet awer net séier genuch fir d‘Zil effektiv bis 2030 ze erreechen, steet am Rapport.

Lëtzebuerg läit mat 27 Verkéiersdoudege pro Milliounen Awunner däitlech ënner dem EU-Duerchschnëtt, dee bei 45 läit.

D‘EU-Kommisissioun recommandéiert fir de Grand-Duché, eng Reevaluatioun vun der Ëmsetzung vum nationale Plang fir Verkéierssécherheet. Eng weider Recommandatioun si cibléiert Mesure géint déi dräi gréisst Risiken am Verkéier: Héich Vitessen, Fueren ënner Alkohol- an Drogenafloss an Oflenkungen um Steier.