2011 koum e ganz interessant Buch iwwer Lëtzebuerg eraus. Geschriwwe vum amerikanesche Politolog Joel Fetzer. Mat engem apaarten Titel: “Luxembourg as an Immigration Success Story”. No Studien iwwert d’Haltung zur Immigratioun an den USA, Frankräich an Däitschland, huet de Lëtzebuerger Fall de Fetzer beandrockt. Beandrockend war fir hie festzestellen, datt bei bal 50 Prozent Net-Lëtzebuerger an der Populatioun a méi wéi 70 Prozent Auslänner an der aktiver Bevëlkerung, d’ëffentlech Ënnerstëtzung fir d’Immigratioun zu Lëtzebuerg déi héchsten an der EU ass, an datt keng Anti-Immigranten-Partei sech hei konnt etabléieren.
D'Grënn vun deem Succès
De Fetzer stellt a senger vergläichender Etüd net nëmmen dësen Erfolleg fest, hien erkläert och d’Grënn vun deem Succès. Éischten Haaptfacteur ass déi relativ wirtschaftlech Prosperitéit vun de leschte Joerzéngten, gekoppelt mat enger gerechter, redistributiver Sozialpolitik. Si erlaben eng gelongen Inklusioun an Aarbechtsmaart a Sozialstaat, an domat den Opstig op der gesellschaftlecher Lieder vun den Awanderer an hire Kanner, egal wat hir national Originne sinn. Egal also ob Fransousen, Italieener, Polen, Portugisen, Kapverdianer, Montenegriner, Chineesen, asw.
Dës Integratioun an Ekonomie a Gesellschaft iwwer Generatioune fënnt hiren Ausdrock an der Statistik vun 2021 zum Migratiounshannergrond vun den Awunner mat Lëtzebuerger Nationalitéit: D’Hallschent vun de Lëtzebuerger hunn op d’mannst een Elterendeel, deen am Ausland gebuer ass. Wa mir och d’Grousseltere berücksichtegen, si mir bei wäit iwwer 50 Prozent.
Zweeten Haaptfacteur ass eng limitéiert raimlech a residentiell Trennung vu Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger, an der Kontinuitéit vum Industrialiséierungszäitalter, an deem d’Stied hei am Land sech duerch eng grouss national a sozioprofessionell, deelweis och reliéis Mixitéit ausgezeechent hunn. De Fetzer vergësst awer net, déi kleng Segregatiounsprozesser ze ernimmen, déi zum Beispill d’Stolkris an de fréieren Industriestied mat sech bruecht huet.
De Pro-Immigratioun-Konsens vun den Elitten
Drëtten a leschten Haaptfacteur ass zanter den 1980er Joren de ganz breede Pro-Immigratioun-Konsens vun den Elitten an de Forces vives zu Lëtzebuerg, ob dat politesch, wirtschaftlech, gewerkschaftlech, associativ oder reliéis Acteure sinn.
Firwat ech Iech dat erzielen? Well mir eis dëser Erfollegsgeschicht ëmmer nees sollte bewosst sinn. Grad wann e Grapp voll populistesch a friemefeindlech Politiker a Politikerinnen, besonnesch a Krisenzäiten, Bevëlkerungsgruppe géintenee wëllen ausspillen. Andeems si mam Fanger weisen, op déi sozial a rechtlech schwächste Persounen an eiser Gesellschaft, oder op déi, déi nach net laang hei liewen. Dës Populiste kennen net nëmmen d’Geschicht vun eisem Land net. Si hu virun allem och mat senger Zukunft näischt ze dinn.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.