Radioen

On air

Resonanzen  |  Resonanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg an aner Länner maache sech fir ambitiéis Klimaziler staark

Bréif un d'EU-Kommissioun

Lëtzebuerg an aner Länner maache sech fir ambitiéis Klimaziler staark

Eelef EU Länner, dorënner Lëtzebuerg, hunn d‘EU-Kommissioun an engem gemeinsame Bréif opgefuerdert, een ambitiéist Klimazil fir 2040 ze recommandéieren. Dat Zil soll mam laangfristegen Temperaturzil vu maximal 1,5 Grad Erwiermung iwwerteneestëmmen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Europäesch Kommissioun | © picture alliance / Winfried Rothermel play_arrow
Europäesch Kommissioun (Foto: picture alliance / Winfried Rothermel)

Uganks Februar wëll d‘EU-Kommissioun hiert Klimazil fir 2040 virstellen. Hire wëssenschaftleche Conseil hat sech rezent derfir ausgeschwat, der EU hir CO2-Emissioune bis 2040 ëm 90-95 Prozent par Rapport zu 1990 ze reduzéieren.

Erkläertent Zil vun der EU ass bis elo, d‘CO2-Emissioune bis 2030 ëm 55 Prozent am Verglach mam Joer 1990 ze reduzéieren, a bis 2050 klimaneutral ze sinn. Gelénge soll dat ënnert anerem duerch de Gesetzespak «Fit for 55», deen Deel vum sougenannte Green Deal ass. D’Strategie gesäit Mesuren a Beräicher ewéi Energie, Verkéier, Industrie a Landwirtschaft vir.

Déi gréng Transitioun muss finanziell machbar sinn

Nodeems an de leschte Méint schonn ee groussen Deel vum geplangte Klimagesetz op de Wee bruecht ginn ass, geet et elo haaptsächlech ëm déi richteg Ëmsetzung. Dat wier wichteg fir der EU hir Credibilitéit op internationalem Niveau a fir d'Akzeptanz fir méi Efforten ze maachen, esou déi eelef EU-Memberlänner am gemeinsame Bréif. Et misst awer och dofir gesuergt ginn, datt de Klimaschutz eng Opportunitéit fir jiddereen ass. Déi gréng Transitioun misst finanziell machbar sinn an et dierft keen am Ree stoe gelooss ginn. Virun allem net déi schwächst an der Gesellschaft. 


Lauschterenplay_arrow