Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Léiwer renovéiere wéi ofrappen an nei bauen

Logement

Léiwer renovéiere wéi ofrappen an nei bauen

Eng europawäit Petitioun fuerdert legislativ Ureizer, déi den Ëmbau vun Haiser zu Norm soll maachen, an den Neibau eng Ausnam soll sinn. Den Ament ass den Trend jo éischter ëmgedréint. Bestoend Haiser ginn ofgerappt, fir neier dohin ze bauen.

auto_stories

2 min

© picture alliance / imageBROKER | Schoening
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Schoening)

Dat hätt domat ze dinn, datt grad a Länner an deenen eng Wunnengsnout besteet, geduecht gëtt, dat wier néideg fir bezuelbare Wunnraum ze schafen. Et gëtt dacks ugeholl, datt ofrappen an nei baue méi gënschteg wier, erkläert de Florian Hertwig, vun der Uni Lëtzebuerg.

Grad am Kontext vu Manktem u Wunnraum, ginn Haiser ofgerappt, fir herno méi dicht a méi héich ze bauen. Op der selwechter Fläch kéinten deemno méi Mënschen ënnerbruecht ginn. D‘Initiativ fënnt awer, datt dat och mat Haiser déi elo scho bestinn, erreecht kéint ginn. Zum Beispill andeems een op d‘Haiser nach 1-2 Stäck drop baue géif, souwäit d‘Gebaier dat erméiglechen.

Nei Bauen net déi eenzeg Léisung fir d'Wunnengskris

An enger Etüd zesumme mam LIST hätt ee festgestallt, datt wann 10 Prozent vun de Gebaier zu Lëtzebuerg ee weidere Stack kréichen, da kéint een 100.000 Mënschen a Wunnengen ënnerbréngen. Dat géif dem Florian Hertwig no weisen, datt et vill verschidde Léisunge fir d‘Wunnengskris gëtt. 

Iwwerdeems géif beim Ofrappen och vill Offall entstoen an et kascht vill Energie, fir ofzerappen an nei ze bauen. Mat der Energie, déi gebraucht gëtt, fir een neit Haus ze bauen, kéint een en Haus dat scho steet, fir 40 -50 Joer heizen a beliichten.

Mat der Petitioun House Europe soll d'Politik elo opgefuerdert ginn, Kaderbedéngungen esou ze gestalten, datt Renovéiere méi attraktiv gëtt. D'Petitioun leeft nach bis Enn Januar 2026. Fir datt se Succès huet, muss se alles an allem eng Millioun Ënnerschrëfte kréien a ganz Europa, dorënner an op d'mannst 7 Länner eng Mindestzuel, déi zu Lëtzebuerg 4.320 Ënnerschrëfte sinn.