Radioen

On air

Tockcity  |  Das Koolies - Som Bom Magnifico

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Léin a Gehälter am ëffentlechen Déngscht klammen ëm 2,5 Prozent

Neie Gehälteraccord

Léin a Gehälter am ëffentlechen Déngscht klammen ëm 2,5 Prozent

Déi Beschäftegt aus dem ëffentlechen Déngscht verdénge réckwierkend méi: Den neie Gehälteraccord gesäit fir dëst Joer zwee Prozent méi Gehalt vir, a fir 2026 weider 0,5 Prozent méi. De Minister fir den ëffentlechen Déngscht Serge Wilmes an de CGFP-President Romain Wolff hunn den Accord mat enger Lafzäit vun zwee Joer um Mëttwochmëtteg am Ministère um Kierchbierg ënnerschriwwen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Eleng d’Punktwäerterhéijung wäert fir 2025 an 2026 ee Gesamtkäschtepunkt vu ronn 196 Milliounen Euro hunn, esou de Minister op Nofro.

"Woubäi mir do och rechnen, datt mir wäerte vun deenen Depensen (...) awer eng ronn 80 Milliounen Euro iwwer Steieren erëm zeréck an de Staatsbudget kréien."

Den Accord gesäit ënner anerem och Verbesserunge fir d’Staatsemployéë vir: Schonn no zéng Joer (an net méi 15 Joer) solle si zum Beispill an de Fonctionnaires-Statut kënne wiesselen. Eng aner Verbesserung ass, datt den Enseignanten hir Iwwerstonnen elo voll bezuelt ginn, wat bis elo net de Fall war. An de Grondschoule soll den Titulaire de classe eng nei Primm vu 1.750 Euro pro Joer kréien.

Romain Wolff: "Ee raisonabelen Accord"

Dat neit Ofkommes mat der CGFP huet de Minister Serge Wilmes generell “verantwortlech” genannt an ee "gudden Accord, hannert deem och déi ganz Regierungskoalitioun voll a ganz steet."

Dem Romain Wolff no wier dat ganzt Ofkommes “substantiell”. An zur Punktwäerterhéijung huet de CGFP-President gesot, datt ee "selbstverständlech" op eng méi grouss Erhéijung gehofft hätt.

"Mee fir eis ass dat hei ee Package. An do gëtt et net nëmmen ëm d’Augmentatioun vum Punktwäert. Ee raisonabelen Accord."

D’Conférence des Comités vun der CGFP huet um Mëttwochmoie schonn hir Zoustëmmung zum neie Gehälteraccord (mat am ganze 27 Punkte) ginn. D’Regierung huet sech engagéiert, bis den 1. Mäerz ee Gesetzprojet ze deposéieren, fir ënner anerem d’Punktwäerterhéijung am ëffentlechen Déngscht ëmzesetzen.

Lauschterenplay_arrow