Radioen

On air

Notturno  |  Altin Gün - Güzelligin On Para Etmez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leerstand: Eidel Butteker an de Stadzentren

Wirtschaft

Leerstand: Eidel Butteker an de Stadzentren

An de Stadzentren si vill kleng Geschäfter verschwonnen oder stinn eidel. De sougenannte “Leerstand” am Eenzelhandel ass en europawäite Problem, deen duerch d’Pandemie nach verstäerkt gouf. Och zu Lëtzebuerg stinn déi traditionell Akafsstroossen an engem Wandel. Wéinst den héije Loyeren an der Konkurrenz vum Onlineshopping an den Akafszentren "op der grénger Wiss“, hu vill Butteker et schwéier, ze iwwerliewen.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

Leerstand | © Pierre Reyland play_arrow
E Geschäftslokal dat eidel steet (Foto: Pierre Reyland)

Wa Geschäfter a Commercen, wou een ëmmer higoung, op eemol net méi do sinn an an der Fënster "à louer“ steet, dat versti vill Leit d‘Welt net méi, sou wéi dës zwou Awunnerinne vun Esch, déi ech an der Uelzechtstrooss begéinen -där eelster a längster Foussgängerzon am Land.

"Alles ass zou. Et gi just nach ganz vill Brëllebutteker. Voilà. 't ass ganz schlëmm.“

Och an der Haaptstad, wou mir mat Leit am Garer Quartier geschwat hunn, héiert een dat selwecht.

Dat entsprécht statistesch gesinn awer net der Realitéit. Dem Retail Report 2024 no sinn d‘Eenzelhandel-Aktivitéiten zanter 2019 nëmme liicht zeréckgaangen, an de Leerstandstaux ass an där Period nëmme liicht geklommen, vun 12,1 Prozent am Joer 2019, op 12,7 Prozent zejoert.

Och vill Leerstand an der Escher Uelzechtsstrooss

Den Escher Schäffe Pim Knaff féiert mech duerch d‘Uelzechtestross, hie gëtt zou, datt et hei besser Zäite gouf. Mee d‘Situatioun zu Esch wier net esou negativ, wéi se dacks duergestallt géif. Vun den am Ganzen 120 Commercen an der Uelzechtstross sinn der den Ament 16 eidel, dovu sinn der 8 net méi konform, déi aner 8 sinn um Maart. Vun deenen hofft d‘Gemeng der dräi, véier iwwer eng Gestion locative sociale zu manner héije Loyeren ze vermëttelen. A bei zwee dräi Lokaler gëtt d‘Gemeng net eens mat de Proprietären, well si ze deier Loyere géife froen, seet de Pim Knaff.

Pim Knaff | © Pierre Reyland
Pim Knaff (Foto: Pierre Reyland)

"Dat heescht, déi maachen och guer keen Effort, fir hir Bienen ze verlounen, déi sinn och néierens annoncéiert.“

Fir esou Fäll wëllt d‘Escher Gemeng eng Tax op de Leerstand aféieren, si waart op eng Äntwert vum Ministère.

Leerstandstaux an der Uewerstad ënner dem nationalen Duerchschnëtt

Déi héich Loyere sinn och an der Haaptstad ee vun de Grënn, firwat Commercen eidel stinn. Eng Leerstandstax wëllt d‘Stad den Ament awer net aféieren, seet den Éischte Schäffen, de Maurice Bauer. Et wéilt een elo mol kucken, wéi d‘Situatioun sech zu Esch virun entwéckelt.

Wat de Leerstand vu Commercen an der Haaptstad ugeet, gouf d‘Gemeng eis dës Zuelen: An der Uewerstad si vun insgesamt 722 Geschäftsflächen 11 Prozent eidel an am Garer Quartier läit de Leerstand bei 13 Prozent vun am Ganze 586 Geschäftsflächen. De Maurice Bauer fënnt dat net onbedéngt dramatesch, well een domat ënner dem nationalen Taux vun 12 Prozent läit.

Hie gëtt awer zou, datt et aus ganz ënnerschiddleche Grënn Problemer fir den Eenzelhandel an der Stad gëtt, bei de Kleederbuttecker zum Beispill, do wieren eng Rei Geschäfter verschwonnen, mee d‘Textilbranche wier weltwäit ënner Drock.

Och den Internet huet e groussen Afloss op d'Commercen an de Stied

Als Mesure géint de Leerstand ënnerstëtzen esouwuel Esch wéi och Haaptstad sougenannte Pop-Up-Geschäfter. D‘Commerçante kënnen do e puer Méint laang ausprobéieren, wéi hiert Geschäft leeft, d‘Loyere ginn an där Zäit zu engem groussen Deel vun de Gemenge subventionéiert. An der Haaptstad gouf et zanter 2019 am Ganzen 69 där Pop-Up-Geschäfter. 25 Prozent vun deenen hätte sech duerno um private Marché etabléiert, seet de Maurice Bauer.

Eng massiv Konkurrenz fir den Eenzelhandel iwwerall an Europa ass den Onlineshopping. D‘Akafen um Internet huet an der Corona-Pandemie geboomt a géif weider zouhuelen, mengt de Professer Markus Hesse, Professer fir Stadfuerschung a Raumplanung op der Uni Lëtzebuerg. A well zu Lëtzebuerg besonnesch vill Leit Accès op den Internet hunn, hätt dat zu Lëtzebuerg warscheinlech nach méi e groussen Afloss wéi an den Nopeschlänner.

Succès vu groussen Akafszentren duerch d'Mobilitéitsverhale gedriwwen

E weidere Grond fir de Leerstand vu Butteker an de Stadzentere sinn déi grouss Shoppingzenteren an Akafsfläche baussent den Zenteren. Där wieren zu Lëtzebuerg, am Verglach mat anere Länner, besonnesch vill entstanen, esou nach de Markus Hesse. An d‘Popularitéit vun de groussen Akafsflächen "op der grénger Wiss“ géif zu Lëtzebuerg dann och weider duerch d‘Mobilitéitsverhalen ugedriwwe ginn.

Lëtzebuerg wier europäesche Spëtzereider bei der Motoriséierung vun de Menagen, d‘Präisser fir Bensinn an Diesel wiere vergläichsweis bëlleg an d‘Salairë vergläichsweis héich. Dat wier eng Konstellatioun, déi natierlech och d'Akafen a groussen Akafszenteren am Ausland géif begënschtegen, zum Beispill Tréier.

"Der Trend zu diesen grossen Kalibern ist ungebrochen. Und deshalb könnte man überspitzt sogar sagen, wenn‘s irgendwo Leerstand in den Stadtzentern gibt, dann ist das eigentlich keine Überraschung.“

Lauschterenplay_arrow