Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
search

/ Le Havre: 2,7 Tonne Kokain goufe konfiszéiert

Frankräich

Le Havre: 2,7 Tonne Kokain goufe konfiszéiert

Am Hafe vu Le Havre an Nordfrankräich sinn 2,7 Tonne Kokain konfiszéierter ginn. D‘Droge waren an engem Container verstoppt, deen aus der Guadeloupe koum, wéi d‘Police zu Lille matdeelt.

auto_stories

1 min

Réischt am Januar waren do gréisser Quantitéite Kokain fonnt ginn. Déi meescht Droge kommen iwwert d‘Häfen a Frankräich eran. 2022 wieren am Ganze 27,7 Tonne Kokain interceptéiert ginn. Déi Zuel hätt sech an de leschten zéng Joer verfënneffacht.